NationalfeierdagBastille ass Headliner beim City Sounds Festival 2027

RTL Lëtzebuerg
Déi brittesch Band, déi mat hirem Lidd "Pompeii" grouss rauskoum, ass op Nationalfeierdag Headliner bei de Concerten um Glacis.
© Tom Jungbluth/ VDL

Bastille trëtt den 23. Juni 2027 am Kader vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag als Headliner beim City Sounds Festival op. Wéi gewinnt, wäerten et nees Concerten den 22. an 23. Juni um Glacis ginn.

Bastille, bekannt fir hire Mix aus Indie-Pop an Alternative Rock, huet sech mat Lidder wéi "Pompeii", "Good Grief" an "Happier" international en Numm gemaach.

Den Optrëtt vun der Band ass ee vun den annoncéierten Highlights vun der Editioun 2027. De komplette Programm a weider Detailer wäerte méi spéit vun der Stad Lëtzebuerg bekannt gemaach ginn.

© Joe Horridge

Back to Top
CIM LOGO