
Déi amerikanesch Sängerin a Songwriterin huet am Atelier en Donneschdeg Owend fir eng musikalesche Performance gesuergt, déi duerch hir aussergewéinlech Stëmm an hir intensiv Interpretatioun gepräägt war.
Bekannt gouf LP, mam richtegen Numm Laura Pergolizzi, engem breede Publikum virun allem duerch den internationale Succès vu "Lost on You". De Song, mat sengem markante Whistle an der intensiver Interpretatioun, huet hir eng grouss international Fanbase abruecht. Mä LP ass wäit méi, wéi nëmmen dësen Hit.
Hir Musek beweegt sech tëscht Pop, Rock, Indie an Alternative, dobäi spillt hir aussergewéinlech Stëmm eng zentral Roll. Et sinn déi rau, emotional Téin, déi hir Lidder esou charakteristesch maachen. Als Songwriterin huet si och fir aner international Museksgréisste geschriwwen, éier si selwer als Interpretin am Mëttelpunkt stoung. Dorobber ass si och am Interview am Virfeld vun hirem Concert zu Lëtzebuerg am Interview mat RTL Today agaangen.
Am Atelier huet LP mat hirer markanter Stëmm direkt beandrockt. Et war e wierklech schéine Concert, bei deem virun allem hir vokal Leeschtung am Mëttelpunkt stoung. Hir Stëmm kléngt aussergewéinlech, kräfteg an emotional a gëtt hire Lidder eng ganz eege Charakteristik. Och d'Atmosphär am Sall huet zum positiven Androck bäigedroen.
Et war awer net ze iwwersinn, datt vill Leit besonnesch op ee Song gewaart hunn: "Lost on You". Den Hit, deen LP international bekannt gemaach huet, schéngt fir vill Concertsgäscht den absolutten Highlight vum Owend ze sinn. No dësem Optrëtt hu sech awer och vill Leit op de Wee eraus gemaach.
Trotz der musikalescher Qualitéit huet sech am Laf vum Owend awer heiansdo e gewësse Gefill vu Widderhuelung agestallt. Verschidde Lidder a musikalesch Momenter hu sech geänelt.
Mat hirer markanter Stëmm an hirer ganz eegener musikalescher Identitéit huet LP am Atelier op alle Fall en Androck hannerlooss. E schéinen Owend mat enger aussergewéinlecher Sängerin, och wann e bësse méi musikalesch Ofwiesslung net geschuet hätt.