
D'Fatoumata Diawara ass vill méi wéi eng Sängerin. Si ass Musekerin, Songwriterin, Schauspillerin an eng engagéiert Fra, déi hir Musek als Mëttel benotzt, fir Geschichten ze erzielen, gesellschaftlech Problemer unzespriechen an d'Kultur vun hirer afrikanescher Heemecht an d'Welt ze droen.
Hire Museksstil ass alles ausser gewéinlech. Si verbënnt traditionell melodesch Elementer aus dem Mali mat Jazz, Blues, Funk, Afrobeat, Rock an elektronescher Musek.
Nieft hirer musikalescher Kreativitéit ass Fatoumata Diawara och fir hiert gesellschaftlecht Engagement bekannt. An hiren Texter thematiséiert si ënner anerem d'Rechter vun de Fraen, d'Fräiheet, d'Identitéit, d'Gläichberechtegung an d'Zukunft vun Afrika.
"Je voyage pas mal entre l 'Afrique et l 'Europe. Je vois les deux réalités, raison pour laquelle je continue à chanter en bambara, parce que je me dis que je dois encore servir à pas mal de femmes qui parlent ma langue et que j 'arrive à changer les choses à travers mes chansons, surtout dans mon pays."
D'Musekerin ass sech bewosst, datt nach vill gemaach muss ginn, datt et nach vill Chantiere lénks a riets ginn. Et géifen nach ëmmer vill Männer ginn, déi net verdroen, wann d'Fraen d'Soen hunn:
"Les chefs d 'orchestre, la plupart du temps, ce sont des hommes. C 'est subtil, mais moi je continuerai à chanter pour les droits de la femme. Parce que je me dis, si je ne le fais pas, qui va chanter à notre place? Si nous, on se dit "ça y est, c 'est acquis", c 'est à ce moment qu 'il faut tendre les mains aux autres."
Am Mee dëst Joer ass der Fatoumata Diawara hiren neien Album "MASSA" eraus komm. E ganz perséinlechen an intimen Album, bei deem et ënnert anerem drëms geet, Mamm ze sinn. Mat zwee Kanner hätt een einfach vill manner Zäit fir sech. Déi géif se sech dann op der Bün huelen:
"Le temps pour moi, c 'est le temps que je passe pour chanter 2h30, et le chœur, et la danse, et la guitare, c 'est assez intense les moments de concert, mais c 'est le seul moment que j 'ai, je constate que j 'ai pour moi dans la vie."
Als Musekerin gesäit d'Fatoumata Diawara sech an der Roll fir hiren Nolauschterer Support ze ginn, se mental och ze ënnerstëtzen. Mat der Wanterzäit, dem groe Wieder an dem Manktem u Luucht wieren hir Concerten d'Méiglechkeet de Leit eppes Guddes ze doen:
"Donc, je vais plutôt me baser sur la joie, j 'aimerais que lorsque les gens viennent me voir, qu 'ils oublient ce moment, qu 'ils soient plus heureux, qu 'ils se sentent à l 'aise, qu 'ils retrouvent le soleil dans leur cœur, l 'amour, la générosité, la positivité, le bien -être, que lorsqu 'ils sortent de mon concert, qu 'ils se disent waouh, qu 'est -ce qu 'en fait, on peut trouver la lumière même dans l 'obscurité."
A genee dovunner kann sech de Public e Samschdeg den Owend am Trifolion zu Iechternach iwwerzeege loossen.
Méi Informatiounen an Tickete fannt Dir um Site vum Trifolion.