RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1985: Titanic, Live Aid & Boris Becker

Bob Konsbruck
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© dpa Picture-Alliance via AFP

De 14. Abrëll 1912 geet d'Titanic ënner. D'Geschicht dierft net nëmmen wéinst dem Film bekannt sinn. Méi wéi 1.500 Mënschen verléiren dobäi hirt Liewen. Déi genee Positioun vum Titanic-Wrack war net genee gewousst, vill Missiounen déi sech op d'Sich gemaach hu si wéinst den extremen Konditiounen an enger Déift vu ronn 3.800 Meter gescheitert.

© afp

No méi wéi 30 Expeditiounen an no méi wéi 70 Joer, am September 1985 ass dann eng vun de bedeitendsten Decouverte vun der moderner Mieresfuerschung. D’Expeditioun vum amerikaneschen Ozeanograph Robert Ballard zesumme mat engem franséische Fuerscherteam ënnert der Leedung vum Jean-Louis Michel fënnt d'Reschter vun der Titanic um Buedem vum Nordatlantik

Um Moien vum 1. September géint eng Auer moies entdeckt eng Kamera en Deel vun engem Boiler, deen definitiv zur Titanic gehéiert. De Succès vun der Missioun war nëmme méiglech duerch modern Technologie. D’Equipe vum Ballard huet e ferngesteierten Déifséi-Kamerasystem mam Numm „Argo“ benotzt, dat de Mieresbuedem systematesch oftaaschte konnt. Amplaz direkt nom Schëff ze sichen, huet d’Team sech op e grousst Feld mat Iwwerreschter konzentréiert – eng Strategie, déi um En sollt opgoen.

D’Opname vun deemools hu gewisen, dass Deeler vum Schëff erstaunlech gutt erhale waren, trotz dem enormen Drock, der kompletter Däischtert an der Korrosioun iwwer Joerzéngten.

D'Plaz huet och wichteg Erkenntnisser iwwert den Ënnergang geliwwert. Et gouf confirméiert, datt d’Schëff an zwee Deeler gebrach ass – eng Theorie, déi virdru laang diskutéiert gouf nodeems 73 Joer laang net kloer war wou et iwwerhaapt géing leien. Déi zwee Deeler louchen 600 Meter vunenee fort

E Joer an deem eng Decouverte gemat gouf, mat där scho bal kee méi gerechent hat.

D'Iddi koum vum Bob Geldof. Et solle Suen géint d’Hongersnout an Afrika gesammelt ginn. Et ware gläichzäiteg Concerten zu London am Wembley Stadium an zu Philadelphia am John F. Kennedy Stadium. Wat Live Aid esou speziell gemaach huet, war net nëmmen d’Gréisst, mee och d’Solidaritéit. Superstaren aus der ganzer Welt sinn opgetrueden: den Optakt war fir Status Quo. Mä och U2, David Bowie, Elton John, Eric Clapton, Madonna, Tina Turner, Phil Collins sinn opgetrueden. An natirlech Queen.

© AFP Archiv

An nëmme ronn 20 Minutten huet de Freddie Mercury dem Publqiue am Wembley Stadium gewise wat e kann. Bis haut ass dëst ee vun de beschte Live-Optrëtter iwwerhaapt. Eng Rei Musekeer kruten deemools offréiert opzetrieden, hunn dëst awer refuséiert. De Michael Jackson hätt zevill am Studio ze schaffen. De Bruce Springsteen huet ofgesot wat e kuerz drop bereit huet. En hätt einfach net gewousst wéi grouss dat Ganzt géif ginn.

An och de Boy George mat Culture Club hunn ofgesot well de Boy George der Meenung war, se kéinten den Ufuerderungen net gerecht ginn. Wéi en duerno a senger Biographie geschriwwen huet, wieren d'Bandmembere rosen iwwert e gewiescht well hinnen domat eng Plaz an der Weltgeschicht vun der Musek entgaange wier. De Concert gouf a méi wéi 150 Länner iwwerdroen. Ronn 1,9 Milliarde Mënschen hunn nogekuckt – eng Zuel, déi fir déi Zäit bal onvirstellbar war.

E Joer an dem den 13. Juli ee vun de gréisste Museksevenementer vun allen Zäiten wor: Live Aid.

De 7. Juli gëtt zu London d'Finall gespillt vum eelsten a bekanntsten Tennisturnéier op der Welt. Ee gewëssene Boris Becker ka sech mat 6:3, 6:7, 7:6 a 6:4 géint de Kevin Curren aus Südafrika, den eigentleche Favorit, duerchsetzen. Seng BumBum Opschléi ware legendär.

© © AFP

Nach ni war e Gewënner esou jonk. 1986 a 1989 konnt en nach eng Kéier Wimbledon gewannen. Och an de Joren drop huet de Boris Becker d'Schlagzeilen dominéiert, net ëmmer nëmmen aus sportlecher Siicht, mä virun allem och privat.

E Joer, dee fir eis däitsch Noperen sollt an d'Sportgeschicht agoen.

Back to Top
CIM LOGO