
1999 war net nëmmen d’Joer vu grousse Pop-Hits – et war och d’Joer, an deem een an Europa erëm Bommen héieren huet. Duerch de Kosovo-Krich si Biller ronderëm d’Welt gaangen, déi een an Europa sou net méi wollt gesinn.
Hitmaschinn 1999: Kosovo

Wärend Europa och dat Joer de Kosovo Krich erlieft huet, ass gläichzäiteg en historescht Experiment gestart: eng gemeinsam Wärung fir Millioune Mënschen. 1999 ass den Euro gebuer ginn – am ufank huet een dovunner awer nach net vill gemierkt.
Hitmaschinn 1999: Euro

1999 war och e Joer voller Géigesätz: E Sportler gouf zum Held vun enger ganzer Generatioun – an zur selwechter Zäit gouf eng Fernsehsiddi lancéiert, déi e weltwäite Succès hat, a Reality TV verännert huet.
Hitmaschinn 1999: Lance Armstong & Big Brother