
Eng Instrumental-EP, eng Live Session vum Rocklab am Gudde Wëllen, en neit Talent an al Huesen déi et nach eng Kéier wësse wëllen.
De 4. Abrëll invitéiert de Claude Fridrici op Käerch an den Duerfkessel fir seng EP “Trough the Cloud” virzestellen. Déi 5 Stécker si komplett instrumental.
De Claude huet Am Takt awer och gewisen datt hie seng Stëmm am Grëff huet an eng akustesch Versioun vu sengem alleréischte Lidd zum Beschte ginn.

E Mëttwoch (25/03) organiséiert de Rocklab seng nächst Live Session. Dës Kéier awer net an der Rockhal mä an der Stad am Gudde Wëllen. Nieft dem Luk. ass och de Luc Spada am Asaz.
D’Celove huet schonn e ganze Koup musikalesch Erfarunge gesammelt. Seng nei Musek huet awer elo en aneren Touch. “Faux Fur” ass eng Single a mécht Loscht op méi.

An och etabléiert Kënschtler fannen ëmmer nees de Wee an den Am Takt-Studio, déi Kéier a Form vun der Low Density Corporation déi no hirer rezenter Reunion dann och elo neit Material hunn.
An hei nach d’Playlist vun dësem Episod: