Krick - The First ChapterDen 13. Dezember presentéiert d'Krick säin éischten Album an der Rockhal

Bob Konsbruck
Am RTL Interview huet d'Sängerin erkläert wéi vill Aarbecht hannert sou engem Album stécht.

Krick am RTL Wecker

E Freiden de Moie war d’Krick (Christine Heitz) am RTL Wecker op Besuch fir iwwert säin éischten Album “The First Chapter” ze schwätzen. En Album deen zënter 2 Joer an der Maach ass:

“Mir sinn säit zwee Joer amgaang do dorunner ze schaffen an deen ze schreiwen. A lo mam Concert ass awer lo bestëmmt ee gutt Joer, wou mer amgaang sinn. Dat ass d’ Band zesumme setze wéi eng Band, dat heescht Backing Vocals, eng Brass Section mat Bass, Piano an Drums a sou weider. Éischtens musse een all déi Leit fannen, dann d’Prouwe plangen, dann d’Arrangementer maachen, do hat ech de Claude Zeimes, dee mer do dat alles gemeet huet an, jo, da mat der Rockhal alles kucken an esou weider, Honnerte vun E-Mailen, Dausende vun Iddien am Kapp an esou weider, dat alles ze plangen, ass scho ganz vill Aarbecht gewiescht.”

An dat praktesch alles an Eegeregie.

“Jo, also d’Rockhal hëlleft immens vill, och d’Iddien an all déi Saach, well et ass jo déi éischte Kéier wou ech dat heite maachen. A fir do alles ënnert een Hutt ze kréien, plus dann d’Aarbecht, plus dann d’Liewen an esou weider an esou fort, meng Deeg hunn net genuch Stonnen, mee ech sinn awer trotzdeem ganz frou. Dat ass mega cool, eng mega cool Erfarung an et léiert dir jo och bei allem bäi. Dat heescht, fir deen zweeten Album geet et da vläicht e bësse besser.”

Ganz eleng ass den Album dann awer och net entstanen, virun allem beim Lidder schreiwen hat d’Sängerin hëlleft vun anere Songwriter.

“Ech soen, dat si gefillt Frënn. Also déi Leit, déi kenne mech bal besser wéi Leit, mat deenen ech ëmmer sinn, well se mega iwwert deng Emotioune schwätzen an iwwert Saachen, déi s de erlieft hues. Also ech sinn halt dee Songwriter, dee ganz vill verschafft an de Lidder. Dat mierkt een och an all de Lidder. Iwwerall ass iergendwéi eng Story hannendrun. An déi Leit, déi kenne mech a mir kennen eis géigesäiteg an et ass mega, mega schéin. Et ass wéi ënner Frënn, dann do ze sëtzen am Pyjama. Et ësst een e Snack, et jammed een an et spillt een iergendeppes. Iwwer wat schreiwe mer haut an da soen ech, ah vläicht dat an dat, dann zielen ech d’Geschicht an da gëtt ee Lidd geschriwwen. A mäin Englesch ass net sou the yellow of the egg, dat heescht, an deem Sënn ass et mega hëllefräich, Leit dobäi ze hunn, déi besser Englesch kënnen. Mir deelen d’Iddien. Deen een huet eng gutt Iddi, deen aner vläicht eng manner gutt an da kucke mer, wat ass besser? Wat ass dat bescht fir d’ Lidd? Mee jo, also déi Lidder sinn awer eent zu eent, genau dat wat ech wollt, soss hätt ech se net sou geholl.”

Wéi inspiréiert sech d’Krick fir seng Musek?

“Ech si ganz, ganz grousse Fan vum Raye an e ganz grouss Fan vum Disney. An do gëtt ëmmer sou e bëssen eng Mëschung gemeet. Ech sinn och an enger Funk Band an an enger Big Band. Dat heescht, am Fong ass ëmmer e bësse sou vun allem a menge Lidder. An dat ass och gewollt a bewosst sou erausgesicht, ech hunn net gär mech op ee Genre, op ee gewëssene Stil ze fixéieren, well mäi Gehier ass jo och net sou. Ech kann esou vill Iddien hu wéi ech wëll an ech wëll dat net alles iergendwéi reduzéieren, just well iergendeen dat seet. Dat heescht, bei mir ass e bëssen alles ee Mix.”

D’Krick war 2024 beim éischte LUXEMBOURG SONG CONTEST mam Titel “Drowning in the rain” dobäi.

Dat Kapitel schéngt fir d’Krick awer fäerdeg ze sinn.

“Ech lauschtere gären déi Musek, well Eurovision Lidder fannen ech ëmmer flott, well et ass net sou deen typesche Pop, et ass net sou vorhersehbar, soen ech elo mol, et sinn ëmmer cool Saachen drënner, dat heescht Lidder lauschteren ech scho gär, mee ech weess net, ob déi Eurovisioun do, ob dat eppes fir mech ass, dat stänneg matenee vergläichen an esou weider, ech fannen all Artist ass gutt, wéi en ass, an ech fannen et soll een net een an deen anere matenee vergläichen an et ass net un anere Leit ze jugéieren, ob s de lo gutt oder net gutt bass. Dofir mengen ech ass dat net eppes Gesondes fir mäi Kapp.”

De Concert vum Krick ass den 13. Dezember an der Rockhal mam Josh Island am Virprogramm a villen Disney-Iwwerraschungen.

Back to Top
CIM LOGO