
An der Emissioun „Am Takt“ hu mir dës Woch Flowmaart begréisst.

Sie hunn de neien Album „GROUSSGAASS“ virgestallt, deen den 18. Dezember 2025 offiziell erauskomm ass. Op dem Projet sinn eng Rei staark Nimm dobäi: Alex Heyar (MOOF), Corbi (De Läb), Jeff Seyler (Der Däiwel), T-Way, mee och vill aner Collaboratiounen wéi Lxy, Fontana, De Charly, JR, DJ Shifroc & DJ Far. Flowmaart ass senger Linn trei bliwwen: typesch Beats, vill Energie an Texter déi hänke bleiwen. Besonnesch wichteg ass hinnen de Song „Entweder Oder“, wisou dat sou ass, huet den Tom Giombetti eis am RTL-Interview gezielt.
Och Max Feller war bei eis am Studio. Hien huet iwwer säi Projet „Max Feller & d’Museksmécher“ geschwat an iwwer d’Release vum éischten Album „Midlife Party Deel 1“, déi op Vinyl erauskënnt.

Am Interview huet de Max erkläert, datt seng Lidder vill iwwer d’Gesellschaft hei am Land erzielen: perséinlech Stécker wéi „Ech hat nach ni eng Kläpp“ oder „de Pappentrick“, mee och méi satiresch Lidder wéi „Autobunn Supergau“ oder „Lëtzebuerger Gangster“. E Samschden den Owend ass hier Release Party am “Gudde Wëllen”. Eng Mëschung aus Humor, Kritik an Éierlechkeet.
Um Schluss hu mir Mood Noises virgestallt. Dem Marc Heitz säin Album, deen eigentlech schonn d’lescht Joer sollt erauskommen, ass elo endlech fäerdeg:„time changes everything“.
16 Lidder, vill verschidde Stiler, eng Rees „queesch duerch de Gaart“. De Marc huet och ganz oppen iwwer seng Krankheet geschwat: si huet hien net futti gemaach, mee vill verännert. Hien huet geléiert, mat anere Museker zesummenzeschaffen, mat Loops ze schaffen an och KI mat anzebezéien.
An der Emissioun hu mer ierch awer nach aaner, nei Musek vu verschiddene Kënschtler präsentéiert. Ënnert aanerem vum Matt de Cae.
Lauschtert hei nach emol alleguerten d’Lidder aus der Emissioun: