Den 13. SeptemberD'Pussycat Dolls kommen an d'Rockhal

RTL Lëtzebuerg
Déi legendär Pop-Grupp ronderëm d'Nicole Scherzinger, d'Ashley Roberts, d'Kimberly Wyatt, d'Jessica Sutta an d'Carmit Bachar kënnt am September op Lëtzebuerg.
D'Pussycat Dolls bei engem Optrëtt zu Manila am Joer 2009
D’Pussycat Dolls bei engem Optrëtt zu Manila am Joer 2009
© JAY DIRECTO/AFP

Den 13. September triede si an der Rockhal op. D’Tickete fir de Concert kritt ee vu freides den 20. Mäerz vun 10 Auer un um Site vun der Rockhal ze kafen.

D’Pussycat Dolls goufen 1995 eng éischte Kéier als Danz- a Musek-Ensemble ënnert enger anerer Konstellatioun gegrënnt. Hire gréissten Hit hate si 2005 mat der Single “Don’t Cha”.

Back to Top
CIM LOGO