Am TaktGast Waltzing, Hellkeller, Maya, & Thalamus Project

Jean-Marc Turmes
De Gast Waltzing feiert 70. Gebuertsdag an der Philharmonie, et gëtt déi 5. Editioun vum Hellkeller zu Welleschten, a Rocklab Live Sessions mat Maya an Thalamus Project.
© RTL Grafik

Gast Waltzing, HellKeller, & Rocklab Live Sessions mat Maya an Thalamus Projet

© RTL

De Grammy Gewënner Gast Waltzing ass virun allem, awer net nëmme bekannt fir seng Filmmusek. Obwuel en seng 70 réit am Summer kritt, feiert en se e Mëttwoch scho vir. Soss misst den Orchester jo aus der Vakanz heem kommen.
Mat op der Bün steet awer ënner anerem och de Bassist Kyle Eastwood (jo, t'ass Famill mam Clint. Säi Fils fir genee ze sinn).
De ganzen Interview mam Gast Waltzing:

Am Takt Interview Gast Waltzing

© Hellkeller

De Syndicat d'Initiative Wellenstein organiséiert net nëmmen d'Welleschter Kiermes, ma ënnert anerem och den Indoor Metalfestival "Hellkeller". E Samschden, de 16. Mee ass et nees esou wäit. Et spille 6 Band aus Lëtzebuerg an Ëmgéigend: Desdemonia, InfiNight, Drawn by Evil, Last Prophecy, Gravety, a Scarlet Anger. Den Yves Kirps vum Syndicat d'Initiative Wellenstein am Interview:

Am Takt Interview Yves Kirps Hellkeller

© Maya

D'Rocklab Live Sessions an der Rockhal sinn dofir geschaf ginn déi ëmmer méi grouss Diversitéit vun der lokaler Musek Zeen ze dokumentéieren an dem Public zougänglech ze maachen. Fir 7€ kritt een e Mëttwoch den Owend um Belval Musek vu Maya an Thalamus Project gebueden. Zwou ganz ënnerschiddlech Formatiounen. D'Chantal Kirsch vu Maya am Interview:

Am Takt Interview Chantal Kirsch (Maya)

© Thalamus Project

Thalamus Project si no engem Deel vum mënschleche Gehier benannt. Mir hu natierlech nogefrot wéi een dat genee ass a ginn zum Schluss och gewuer wat Neurowëssenschaft mat Musek ze dinn huet. Den Oliver Glassl, Grënner vum Thalamus Project, an de Massimo Savo, Batteur, am Interview.

Am Takt Interview Thalamus Project

An hei geet et bei d'Playlist vun dëser Woch:

Back to Top
CIM LOGO