
Op Besuch am Studio sinn de Krizla mat engem aktuelle Projet, Deep Dive Culture mat hirem éischten Album, an Heavy Petrol mat enger neier EP!

De Christophe Dias, aka Krizla, huet Grousses geplangt. Eng duebel LP vun de “Scupira Bros” soll nach an dësem Summer erauskommen. E Konzeptalbum, wéi de Chris eis am Interview verréit. Eng Single vun där LP, “Scupira”, ass scho prett!

Fir Deep Dive Culture gëtt et Grond ze féieren. Hiren éischten Album ass dobaussen, an d’Release am Gudde Wëlle mam Marcy als Support ass gutt gelaf! Mam Sänger Kevin Heinen philosophéiere mer am Interview d’Lidd “Flooding Gates”, e Feature mam Blame Emeraude.

Zanter 2011 gëtt et d’Formatioun Heavy Petrol. Mam Bassist Dan Kries zielt am Interview wéi een Afloss Corona op d’Band hat a stellt vun der neier EP “Unspoken Words” d’Single “Fading Away” vir. Blues-Rock Fans kommen op hir Käschten!
An hei nach d’Playlist vun dësem Episod: