Am TaktLarry Bonifas, Jeff Speicher a Joel Marques.

Loïc Juchem
De Joel Marques präsentéiert eis seng nei EP, de Jeff Speicher ass och mat dobäi an de Larry Bonifas huet Musek fir dës ganz besënnlech Zäit.
© Grafik RTL

Et gëtt nei Musek vum Oceiros, Joel Marques a Larry Bonifas.

An der Emissioun “Am Takt” ass de Jeff Speicher invitéiert, hie präsentéiert eis nei Musek a verréit eis wisou hien ënnert dem Kënschtlernumm OCEIROS Musek mëscht. Invitéiert war och de Joel Marques. Zesumme mam Maya Maunet huet hien elo e Chrëschtdagslidd erausbruecht. Hie fënnt déi Musek zwar selwer heiansdo e bësse kitscheg, mee wollt dat einfach emol ausprobéieren. Dernieft ass eng nei EP “Chaos” och rezent erauskommen. Säin Dram ass et nach ëmmer emol e grousse Museksstar ze ginn an dofir gëtt hien all Dag alles.

Dem Larry Bonifas seng Karriär huet scho munch Joren um Bockel, 1989 krut hien seng éischt Gittar an déi benotzt hien och nach haut. A verschiddene Bands war hien an all de Joren ënnerwee, aktuell mëscht hien eleng Musek. Am RTL-Interview verréit eis wisou hie Schwieregkeeten huet sech musikalesch ze fannen an sech op eppes ze fixéieren.

Back to Top
CIM LOGO