

De Joe Rommes, och nach bekannt als JR ass e Lëtzebuerger Museker an huet am Januar säin éischten Album op Lëtzebuergesch erausbruecht, dësen nennt sech “Facette vu Gefiller”. Et ass eng Kombinatioun vu moderner Popmusek mat Texter, déi direkt aus dem Häerz kommen.

De Lucas Ferraz huet en neien Album dobaussen mat engen 12 Lidder déi ee scho kennt. Den Album “Demons in My Head” ass schonn eng Zäit dobaussen, elo gëtt et dësen Album an enger live Versioun. Dat heescht et sinn Lidder drop regruppéiert, déi op sämtleche Concerten opgeholl gi sinn, mam Lucas Ferraz senger Band.

Den 21.03 kënnt eng nei Single vu Schëppe 7 eraus, dat ganzt ass verbonne mat engem Event am Absolut Ink Tattoo Studio, mir sinn um Radio gewuer ginn, wéi d’Single kléngt a wat soss nach deemnächst vu Schëppe 7 ze erwaarden ass.

Mallows ass eng Pop-Punk Band mam Shirley, Pol, Mike a Jeff. “Thermometer 40" heescht hiert neit Lidd, e Coversong vum Turnup Tun sengem Song.
Lauschtert hei nach emol alleguerten d’Lidder aus der Sendung um 09. Mäerz 2026: