Nei Saison an der PhilharmonieNei Gesiichter, al Bekannter an d'Plattform "Heemspill" fir Lëtzebuerger Museker

Claudia Kollwelter
D'Fans vun de verschiddenste Museksgenren oder Filmer wäerten an der nächster Saison an der Philharmonie op hir Käschte kënne kommen.
© RTL Archiv

D'Philharmonie huet en Dënschdeg hir Saison 26/27 presentéiert an do erwaart de Public wéi ëmmer e voll gefëllten Agenda mat enger Partie al bekannte Gesiichter, mä och villen Neieentdeckungen.
 
Déi nei Saison vun der Philharmonie steet virun allem emol ganz am Zeeche vum neien Direkter vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, de  jonken, ungareschen Dirigent Martin Rajna, deen den 2. Oktober säin éischte Concert wäert an der Philharmonie hunn.

Den Optakt vun der Saison steet dann awer och am Zeeche vun enger Partie Hommagen, dorënner de Steve Reich, John Coltrane oder Ludwig van Beethoven. Eng Partie Museker fannen dëst an d'nächst Joer dann och de Wee zréck an d'Philharmonie, wéi d'Anna Lapwood, de Lang Lang, oder d'Janine Jansen.

Nei dës Saison ass dann d'Plattform "Heemspill", déi komplett der Lëtzebuerger Musekszeen dediéiert ass an ënnert anerem Concerte vum Jambal, Blanket Hill & Kill The Innocent, oder dem Serge Tonnar ubitt.

Natierlech sinn och dëst Joer erëm grouss Nimm och aus der Popmusek mat dobäi, dorënner Cat Power, Sophie Hunger, Dee Dee Bridgewater zesumme mam Gast Walzing an de Lëtzebuerger Philharmoniker oder den Josh Island.

10 Joer Atlântico Festival ginn am Oktober gefeiert. Dem Festival, bei deem portugiseschsproocheg Museker am Vierdergrond stinn an ënnert anerem d'Fado-Sängerin Carminho optriede wäert.

Nei dëst Joer ass iwwerdeems och e Cycle u Concerten, dee sech komplett op d'Musek aus dem Maghreb konzentréiert mat Museker aus Algerien, Tunesien a Marokko. 10 Concerten an ee Workshop ginn am Kader vum Cycle "Atlas" organiséiert.

A puncto Ciné-Concert gëtt kuerz viru Chrëschtdag "Home Alone"» gewisen, soss d'Joer iwwer awer och Filmer wéi "Interstellar" oder "The Great Dictator", déi da mat live Musek an der Philharmonie gewise ginn.

An och un d'Kanner ass dëst Joer natierlech geduecht ginn, dat ënnert anerem mat zwee Festivaller fir déi ganz Famill. Engersäits am Oktober "Halloween" an am Abrëll 2027 "Dreams".

D'Presentatioun vun der neier Saison huet iwwerdeems ugefaange mat iwwer 400 Kanner, déi zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert anerem "De Feierwon" gesongen hunn. E Projet vun der Philharmonie, deen ëmmer ofschléissend mat engem Concert am groussen Auditoire ofgeschloss gëtt.

Weider Detailer zu der kompletter Programmatioun vun der Philharmonie fannt der ënnert www.philharmonie.lu

Back to Top
CIM LOGO