Am TaktSuperdrive & Vagabond Kings

Bob Konsbruck
Superdrive huet sech nei opgestallt an d'Vagabond Kings spillen den 8. Mee hiren éischte Concert.
© RTL Grafik

Superdrive huet sech nei opgestallt an d'Vagabond Kings spillen den 8. Mee hiren éischte Concert.

De Louis Wright vu Superdrive war Am Takt fir dat neit Lidd "How does it feel" virzestellen. Datt d'Grupp elo nëmmen nach eng Gittar, duerfir awer e Keyboard, huet, héiert een direkt. A wou Superdrive an den nächste Wochen optrieden, huet de Louis och Am Takt verroden.

© Valentin Wagner

D'Vagabond Kings sinn nei am Katalog vun der Lëtzebuerger Musek. Et misst een awer präziséieren datt et sech hei ëm etabléiert Museker handelt déi schonn an divers anere Gruppen aktiv waren. Hiren éischte Concert ass den 8. Mee an der Philharmonie, jo melodeschen Hard-Rock an der Philharmonie.

© Vagabond Kings

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod:

Back to Top
CIM LOGO