
Déi Chiffere goufen en Dënschdeg an der Educatiounskommissioun vun der Chamber virgestallt, nodeems sech déi Responsabel d’lescht Woch mat de Leit aus dem Ministère ausgetosch haten. 66% vun de Schüler hätte vun der Gratuitéit vun de Coursë kënne profitéieren.
Am Abrëll virun 3 Joer, wéi eng grouss Partie vun de Musekscoursen ebe gratis goufen, war och via Motioun gestëmmt ginn, dass e Suivi misst gemaach ginn. Am Laf vun 2024-25 hunn iwwregens 4,15% vun de Jonken d’Joer net fäerdeg gemaach. Dat ass liicht manner wéi déi zwee Jore virdrun.