11 Säiten am neie Micky-Maus-Heft spillen och zu Lëtzebuerg

© Egmont Ehapa Media / Disney
Den Donald Duck a seng Neveue maache schonn zanter enger Zäit ëmmer nees Reesen duerch däitsch Stied oder Regiounen. Am neie Micky-Maus-Heft, dat e Freideg erauskomm ass, spillt d'Finall vun der Geschicht esouguer zu Lëtzebuerg.
"Das Geheimnis der Landkarte" heescht d'Geschicht, déi zu Saarbrécken ufänkt. Den Tick, den Trick an den Track wëllen eng Medail vun hirem Scoutsgrupp, dem Fähnlein Fieselschweif kréien. Dofir hu si vum Oberstwaldmeister eng verschlësselt Schatzkaart kritt, déi hinnen d'Zil vun hirer Wanderung virgëtt.
Hire Wee féiert vu Saarbrécken laanscht d'Saarschleife un d'Musel, vun do op Tréier an da mam Zuch op Lëtzebuerg, wou ee Schatz verstoppt ass, dee si natierlech um Enn fannen.
Wann esou ee Micky-Maus-Heft mat regionalem Charakter erauskënnt, kënnt dat ëmmer besonnesch gutt un, esou de Johannes Kanty, verantwortleche Redakter beim Egmont Verlag, deen déi däitschsproocheg Micky Maus erausbréngt.
Datt déi nei Aventure vun den Inten dës Kéier am Saarland ufänkt, ass keen Zoufall, mä huet och domat ze dinn, datt an der Micky-Maus-Redaktioun eng Partie Leit schaffen, déi ee Bezuch zur Groussregioun hunn.
D'Zeechnunge si vum Ferran Rodriguez, deen zu Barcelona lieft, am Virfeld déi Plazen awer net gesinn huet, déi hie gezeechent huet. Et ass vill mat Fotoe geschafft ginn, esou och beim Bild, op deem den Tick, Trick an den Track op d'Alstad eriwwer kucken.

© Egmont Ehapa Media / Disney
Dat ass awer dat eenzegt Bild, op deem ee Lëtzebuerg wierklech erkennt. De Bléck iwwert d'Stad mat deenen zwee Tierm ass fräi erfonnt, grad ewéi d'Buerg, an där déi dräi um Enn de Schatz fannen.
Um Enn ass et eng fiktiv Geschicht, déi iwwerall spille kéint a bei där just e puer Biller de Bezuch mat der Groussregioun maachen. Mä déi puer Biller ginn duer, datt d'Fans vun deene Geschichten, déi bei hinne virun der Dier spillen, begeeschtert sinn.
An deemno dierft den Undrang an den Zeitungsbutteker dann och grouss sinn, eng Partie Leit hu sech schonn een Heft reservéiert, esou datt dat ee Sammlerstéck kéint ginn, dat op d'mannst an der Groussregioun séier ausverkaf kéint sinn.