
E Méindeg koumen d’Shortlists eraus, 30 Museker a Bands goufen nominéiert: dëst sinn zum Beispill ënner anerem an der Kategorie vun der Fräizäitmusek d’Bouneweger Musek, Hunneg-Strëpp an och Koll an Aktioun.
An der Kategorie vun de Nowuesstalenter sinn ënner anerem den DJ Nosi, d’Veda Bartringer, den Daniel Migliosi an d’Naomi Ayé, dat een nach vum Luxembourg Song Contest kennt, nominéiert. Soss nach op de Shortlists ze fannen, sinn den CHAiLD, C’est Karma, Lucilin, de Pol Belardi, den Tunn Tonnar, Beast an de Charel Stolz.
Nieft dëse sechs Musekspräisser gëtt och den Nationale Musekspräis un en Artist iwwerreecht, dee fir seng Karriär a säin Asaz fir d’Musekszen ausgezeechent gëtt - e Präis, dee mat 10.000 Euro dotéiert ass.
Am Jury fir d’Musekspräisser setze fënnef Experte mat dem Vanessa Cum, Marie Trussart, Thomas Faber, Georges Urwald a Pit Brosius.
D’Remise vun de Präisser ass wéi gesot donneschdes, den 19. Dezember an der Philharmonie. Den Entrée ass gratis, mee eng Umeldung iwwer de Site vun der Philharmonie ass dofir néideg.
Den Detail fënnt een HEI.
Charles Stolz
Tun Tonnar
Nina Schaeffer
Tom Gatti
Beast