Knapp 600 Projete goufen am Kader vun der Kulturhaaptstad 2022 agereecht. No 11 Sitzunge vum “Comité de Lecture” koum een zu dëser Conclusioun: 31 Aarbechte goufen direkt ugeholl an un 176 Projete muss nach gefeilt ginn. Dës ginn am Hierscht op en Neits bewäert.
Bis September soll gewosst sinn, wien definitiv zeréckbehale gëtt a wien net. Wat déi aktuell Kris ugeet, huet d’Direktioun en Donneschdeg de Moien an enger Video-Konferenz betount, datt d’Projete sech normal developpéieren, datt och d’Chantieren, notamment dee vun der Mëllerei erëm ugefaangen huet, an een hofft, datt alles mat Zäite wäert fäerdeg ginn. Allgemeng wier de Feedback bis ewell awer ganz positiv, sou d’Programmdirektesch Françoise Poos:
Françoise Poos: “Déi soen: Nee dach mir schaffen weider. An et ass och do, wou ee gesäit, datt de ganze kulturelle a kreative Secteur ganz séier ëmdenke kann, wéi séier se sech upassen an einfach aner Méiglechkeete sichen.”
Vum 2. Juni u wäerten dann och eng Partie vun de Projeten, déi scho feu vert kruten, dem Public virgestallt ginn. D’aktuell Situatioun kéint och dobäi hëllefen, fir verschidde Projeten oder Iddien eng nei Tournure ze ginn:
Nancy Braun:“Ganz oft kommen do flott innovativ Pisten. E Projet huet normalerweis eng Richtung, mä wann ee gesäit, datt et net dohi geet, muss een iwwerleeën an eng aner Richtung fannen. An dat ass e spannende Prozess, deen eis och immens weider bréngt, fir no 2022 d’Saachen nei ze denken. An dat ass och e wichtegen Aspekt, deen haut do ass, an dee mer mussen a Consideratioun huelen, well et de Projet u sech och weiderbréngt.”
A puncto Finanzéierung hätt sech d’Enveloppe fir d’Asbl net geännert, et wier ee sech awer bewosst, datt zum Beispill de Sponsoring vu verschidde Projeten en Defi kéint ginn. Vum 2. Juni u wäerten dann och konkret Projeten dem Public virgestallt ginn. Via Newsletter kréien d’Porteur de Projet dann d’Wuert.
Nancy Braun, Generaldirektesch:“Souwuel fir eisen eegene Sponsoring, wéi och fir de Porteur de projets ze hëllefen. Ech sinn awer do zouversiichtlech, datt mer positiv Resultater kënnen areechen, well ech mengen, datt sou e Projet wéi Esch2022 a mat deem, wat mer wëllen aussoen a wou mer wëllen hikommen, e ganz interessante Projet fir potentiell Sponsoren ass.”
D’Porteur de Projets sollen, wann se dat da wëllen, gehollef kréien, hiren Dossier opzebauen, fir en engem Sponsor ze presentéieren: “Wichteg ass, datt et déi Plattform gëtt an datt et eis dru geleeën ass, zwee Secteure beienee ze kréien, souwuel dee kulturellen wéi dee vun der Privatindustrie. Ech mengen, do kënne flott Synergien geschaaft ginn, virun allem an dëser Zäit.”