Internationalen ZirkusfestivalFir d'éischte Kéier ass och Lëtzebuerg vertrueden

Philippe Dondelinger
Beim Festival International du Cirque du Luxembourg trëtt dëst Joer fir d'éischte Kéier och eng Lëtzebuerger Grupp op. D'Lorena an d'Eloïse hu sech beim Casting duerchgesat a preparéiere sech elo op hiren Optrëtt nieft internationalen Zirkusartisten.
Internationalen Zirkusfestival: Éischte Kéier ass och Lëtzebuerg vertrueden
Beim Festival International du Cirque du Luxembourg trëtt dëst Joer fir d'éischte Kéier och eng Lëtzebuerger Grupp op.

Fir d'Lorena an d'Eloïse geet e besonnesche Wonsch an Erfëllung. Déi zwou jonk Artistinnen, déi bei Zaltimbanq um Lampertsbierg trainéieren, dierfen dëst Joer beim Festival International du Cirque du Luxembourg optrieden. Eng Première, well et déi éischte Kéier ass, datt eng Lëtzebuerger Grupp um internationale Festival deelhëlt. Datt si beim Casting ausgewielt goufen, konnten déi zwou am Ufank bal net gleewen. Elo steet d'Virbereedung op hire groussen Optrëtt am Mëttelpunkt.

Vill Training fir e puer Minutten an der Manège

Hannert enger Zirkusnummer stécht vill Aarbecht. Beweegunge mussen ëmmer nees geüübt ginn, d'Technik muss sëtzen an d'Zesummespill tëscht den Artistinne klappen. Am Zirkus Schapp um Lampertsbierg gëtt dofir fläisseg trainéiert. Nach kënnen eenzel Beweegunge verbessert an Ofleef widderholl ginn. Beim Festival muss dann alles zesummepassen. Fir d'Lorena an d'Eloïse ass et eng Geleeënheet, hiert Kënne virun engem internationale Publikum ze weisen.

Och Lëtzebuerg soll an der Manège vertruede sinn

Fir d'Bianca Renz ass et wichteg, datt beim Festival net nëmmen international Artisten optrieden, mee och Lëtzebuerg selwer vertrueden ass.
D'Participatioun vun deenen zwou jonken Artistinne gëtt domat och der Lëtzebuerger Zirkuszeen eng Plaz am Programm. Fir d'Lorena an d'Eloïse ass et op alle Fall eng besonnesch Erfarung, sech mat Artisten aus anere Länner eng Bün ze deelen.

D'Virfreed op de groussen Optrëtt

Bis et esou wäit ass, gëtt nach weider geüübt. Nieft der Virfreed spillt och eng gewëssen Opreegung mat, schliisslech ass en Optrëtt op esou enger Bün net alldeeglech. Egal wéi et um Enn ausgeet, fir déi zwou Artistinnen ass d'Participatioun schonn elo e wichtege Schrëtt.
An och fir de Festival ass et eng Première: Dëst Joer ass Lëtzebuerg net nëmmen d'Land, wou de Festival wäert sinn, mee och selwer an der Manège vertrueden.

Back to Top
CIM LOGO