
Zanter dem leschte Joer gëtt um Salon vum CAL nieft de grousse Präisser och all Joer de "Prix du Public" verdeelt.
Heifir kënnen d'Visiteuren am Laf vun der Ausstellung hir Stëmm ofginn an um Enn gewënnt dee Kënschtler oder déi Kënschtlerin, déi am beschte bei de Leit dobaussen ukomm ass. Dofir gëtt dëse Präis och eréischt no Ofschloss vun der Ausstellung iwwerreecht.
Dëst Joer geet de "Prix du Public" un d'Lara Weiler.

D'Kënschtlerin, déi fir hir faarweg Molerei bekannt ass, hat 2024 och schonn de "Prix Pierre Werner" um Salon vum CAL gewonnen an ass reegelméisseg zu Lëtzebuerg an am Ausland op Ausstellungen ze gesinn. Fir d'lescht huet si zum Beispill zesumme mat der Valerius Galerie op der Luxembourg Art Week ausgestallt.
De "Prix du Pubic" ass mat 5.000 Euro dotéiert a gouf vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an der Stater Gemeng iwwerreecht.