20. Editioun vum Virliesconcours4.000 Kanner hate sech gemellt: Den Aymerick Waisse Da Silva kann am beschte virliesen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg war d'Finall vum 20. Virliesconcours zu Esch am fréiere Kino Ariston. Et ass e Concours, deen antëscht eng fest Traditioun ass.
© MENJE

Méi wéi 4.000 Meedercher a Jongen aus dem Cycle 4 hate sech fir dëse Concours ugemellt, fir d’Finall hate sech der 8 qualifizéiert - 4 Meedercher a 4 Jongen. Sinn d’Organisateure soss nach duerch d’Land gereest, war d’Finall scho fir déi drëtte Kéier am Escher Ariston an ass en Deel vun der grousser LevelUp-Initiativ vum Service de coordination de la recherche et de l´innovation pédagogiques et technologiques, kuerz SCRIPT.

Aus all den Umeldungen huet eng lokal Selektioun aus Enseignanten a Schoulbibliothecairen déi bescht erausgesicht. Mat deenen 88 Gewënner aus all de Schoulen goufe 15 regional Véierelsfinalle an duerno Halleffinallen ofgehalen, bis eben déi lescht Aacht iwwreg bliwwe sinn.

Schreiwes mat den Detailer an dem Gewënner am Interview

Back to Top
CIM LOGO