FuelBox80 Kënschtler brénge Faarf an eng eidel Schoul

Isabelle Gillen
Mir hunn eis d'Wierker vun engem Kënschtler an zwou Kënschtlerinne méi genau ugekuckt.

Et ass fir d'zweet, dass d'FuelBox zu Beetebuerg ass, ma awer fir d'éischt, dass d'Schoul Am Duerf als Galerie a Fro kënnt. D'Gebai, wat den Ament eidel steet a no der Ausstellung soll restauréiert ginn, gouf elo zu neiem Liewen erwächt.

Et sinn esou vill Artisten dobäi wéi nach ni. D'FuelBox huet fir hir 11. Editioun ronn 80 Leit missen ënner kréien. Dorënner de Raymond Colombo, d'Martine Koetz an d'Ave Clesen-Schmidt, deenen hir Wierker mer eis am Reportage méi genau ukucken.

D'Ausstellung vun der FuelBox an der Schoul Am Duerf zu Beetebuerg ass nach bis den 18. Oktober, ëmmer vu freides bis sonndes, gratis op.

Back to Top
CIM LOGO