De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet e komplettéiert Reegelwierk vun der Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl.

Nodeems eng éischt Versioun vun deene Reegelen am Dezember 2018 op www.cpll.lu, dem Site vum "Conseil permanent de la langue luxembourgeoise", publizéiert gouf, koumen eng Partie Avisen eran an eng zweet Versioun gouf redigéiert.

Dës Versioun steet och elo op www.cpll.lu a jiddweree ka seng Bemierkungen a Virschléi per Mail op cpll@cpll.lu un de Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch ginn, bis den 30. Abrëll 2019.

Dono gëtt déi Schreifweis dann offiziell publizéiert.