De Lëtzebuerger Film "SAWAH" huet a Kalifornien um Filmfestival "Queen Palm" ofgeraumt.

A ganzer 6 Kategorien konnt de Lëtzebuerger Film "SAWAH" e Präis gewannen, dat zu Palm Springs a Kalifornien:

Beschte Komedie-Film, de Karim Kassem als beschte Schauspiller, den Eric Kabongo als beschte Nieweroll, de Cehashi fir déi beschte Filmmusek, de Philippe Ravoet fir de beschten Editing an de Film krut och nach e Präis fir de beschten Trailer.