Am Kader vum Projet WANTED luet de Kulturhuef zu Gréiwemaacher zanter 2010 reegelméisseg op eng Kënschtler-Residenz an.

Do kréien déi ausgewielten Artisten d'Geleeënheet, sech intensiv mat der Technik vum Héichdrock ze befaassen.

Ënnert dem Motto „Gutenberg, Luther a Steve Jobs“, hunn dëse Mount 5 Kënschtler, mat ganz ënnerschiddleche kënschtleresche Backgrounds, Wierker am extra grousse Format kreéiert. D'Kënschtler Thomas Peter, Diane Jodes, Anna Eiber, Laas Koehler a Neckel Scholtus, hunn déi viregt Dimensioune kloer iwwerschratt. Mat 1m50 op 2m20 groussen Holzplacken, hu si hir Wierker net wéi üblech, mat enger Press am Musée, ma mat enger Stroossewalz am Haff gedréckt.

Eng Gréisstenuerdnung, déi all déi Bedeelegt virun nei Erausfuerderunge gestallt huet, mä de kreativen Austausch tëscht am Drockmedium onerfuerene Kënschtler, a Konschtschafende wéi dem Thomas Peter, déi scho laang am Holzschnëtt schaffen, hat am Kreatiounsprozess fir eng spannend Dynamik gesuergt.

Der Fantasie ware bei dësem Projet keng Grenze gesat. Bei der Emsetzung vun hiren Iddie konnten d'Kënschtler souwuel hir Holzvirlag selwer schnitzen, wéi och Material aus der Muséeskollektioun benotzen.

Déi fäerdeg Wierker vun deene 5 Kënschtler, kann ee sech bis den 22. Dezember am Drockmusée zu Gréiwemaacher ukucken.