Wat den Titel „majerus wool warhol...'cold beer' the 'smudge tool' and other short stories“ op sech huet, huet Monica Camposeo zu Berlin erausfonnt.

Am Michel Majerus Estate ze Berlin gëtt d’Wierk vum verstuerwene lëtzebuergesche Kënschtler archivéiert an a Form vun Ausstellungen dem Public presentéiert. Aktuell fënnt een am fréieren Atelier vum Moler eng ganz perséinlech Ausstellung mam Titel „majerus wool warhol... ‚cold beer‘ the ‘smudge tool‘ and other short stories“. Wat sech hannert dësem Titel verstoppt, huet d’Monica Camposeo erausfonnt.

AUDIO: Koresspondenz vu Berlin / Reportage Monica Camposeo

“Short Stories”, also Kuerzgeschichten, ginn et der an der aktueller Ausstellung am Michel Majerus Estate eng ganz Rëscht. Wann een erakënnt, fält de Bléck direkt op eng grouss wäiss Toile. "Cool Wool" steet a schwaarze Buschtawen am ieweschten Drëttel. En eendeitegen Appell vum Michel Majerus un de renomméierten amerikanesche Kënschtler Christopher Wool, deen och mat esou Buschtawe geschafft huet. Déi zwee Kënschtler hu sech deemools nach net kannt, mä natierlech kritt de Christopher Wool schnell mat, dass e jonke Kënschtler aus der Stuttgarter Konschtakademie säin Numm a säi Markenzeeche benotzt, erkläert d’Bettina Friedli vum Michel Majerus Estate:

"Cool Wool" ist das erste Werk, wo wirklich eine klare und deutliche Referenz zu sehen ist. Wobei es eben auch klar ist, dass „Cool Wool“ nicht nur ein Appell an diesen Künstler ist, der aus Amerika kommt und offensichtlich Michel beeindruckt hat, sondern „Cool Wool“ ist auch ein Werbeslogan, der in der gleichen Zeit von der Wollindustrie verwendet worden ist für Merinopullover. Und diese Vielschichtigkeit oder Doppeldeutigkeit dieser Aussage ist sehr typisch für Michel.“

De Michel Majerus an de Christopher Wool léiere sech kuerz Zäit drop perséinlech kennen, ewéi den amerikanesche Moler mat engem Stipendium an Europa ass. An esou fänkt eng besonnesch Frëndschaft un, déi sech däitlech an der aktueller Ausstellung am Estate weist.

Hier sind jetzt Werke zu sehen, die unterschiedliche Aspekte dieser künstlerischen Beziehung beleuchten, weil unter anderem Werke zu sehen sind, die Michel Majerus und Christopher Wool ausgetauscht haben untereinander. Weil aber auch Kunstwerke zu sehen sind, die in deren privaten Besitz waren, unter anderem auch Werke von Andy Warhol, die sie gekauft haben.“

De bekannte Pop-Art-Kënschtler Andy Warhol war eng wichteg Bezuchspersoun an och eng Inspiratioun fir de Michel Majerus an de Christopher Wool. Och d’Wierker, déi déi zwee Kënschtler matenee ausgetosch hunn, weisen de frëndschaftleche Lien tëscht dem Christopher Wool an dem Michel Majerus.

Es ist für uns nachgewiesen, dass Majerus mit dem Werk von Christopher Wool gelebt hat, also dass er das in seinen privaten Räumen hatte. Und Christopher Wool hatte zumindest eines von den beiden Werken, die in seinem Besitz sind, sogar in seinem Atelier hängen, zusammen auch noch mit einem Werk von Andy Warhol. Das ist schon etwas Besonderes, wenn ein Künstler das Werk eines anderen Künstlers in seiner Produktionsstätte aufgehängt hat.“

Déi vum Peter Pakesch kuratéiert Ausstellung ass an enker Zesummenaarbecht mam Christopher Wool entstanen. Den US-amerikanesche Kënschtler huet net nëmme Biller aus senger privater Sammlung zur Verfügung gestallt, mä hien huet och perséinlech am Estate matgeschafft. Fir d’Konschtfoire Art Berlin am September plangt den Estate esouguer weider Biller zu dëser Ausstellung ze presentéieren.

Ween u weidere Kuerzgeschichten an Anekdoten aus dem Liewe vum lëtzebuergesche Moler interesséiert ass, ka sech fir eng privat Féierung am Estate umellen.

De Michel Majerus Estate ass vum 10. August un an der Summerpaus. Méi Informatiounen zu den Ouvertureszäiten an d‘Kontaktdate fir d’Umeldung fannt dir op der Internetsäit www.michelmajerus.com.