Zanter en Donneschden leeft déi 12. Editioun vun der Luxembourg Art Week, mat ënnert anerem enger grousser Foire um Glacis.
Et ass dëst Joer fir d'éischt, dass an deem Kader och e Konschtpräis iwwerreecht gouf. De Contemporary Art Prize soll zäitgenëssesch Konscht auszeechnen. Et waren 10 Kënschtler a Kënschtlerinnen aus Lëtzebuerg an dem Ausland nominéiert a gewonnen huet de Fotograf Lucas Leffler vun der Galerie Lee Bouwens um Stand B17.
D'Wierk mam Titel "Mudprints", wat mam Contemporary Art Prize ausgezeechent gouf, ass eng Serie mat 3 Naturfotoen, déi agerummt un der Mauer op engem grousse schwaarz-wäiss Print vun enger Industrieanlag hänken.
De visuelle Kënschtler, dee Fotografie studéiert huet schafft a sengen Aarbechten gär mat historesche Materialien asetzt sech vill mat der Ëmweld auserneen.
D'Luxembourg Art Week leeft nach bis e Sonnden all Dag vun 12 bis 17 Auer um Glacis.