Si hu sech kuerzerhand selbststänneg gemaach, wéi se sech an enger anerer Librairie kennegeléiert hunn. Lo verkafe si Bicher, Papeterie a Spillsaachen.

Wéi steet et ëm d'Librairien hei am Land? Wou ginn et der nach a wéi hu se iwwert déi lescht Joren evaluéiert? Ënnert anerem deene Froen gi mer dëse Summer an enger Serie no, an där sech alles ëm eng Partie vun de klenge Librairien hei zu Lëtzebuerg dréint. Mir huelen Iech mat a verschidde Bicherbutteker uechtert d'Land, weisen Iech, wat se ze bidden hunn a wat se vun aneren ënnerscheet.

Serie Librairien: ChrisTina's Bicherbuttik

Zanter Abrëll gëtt et zu Wolz eng nei Libraire. De ChrisTina’s Bicherbuttik gëtt vun 2 Frae mam nämmlechte Virnumm geréiert, déi eng gëtt Chris, déi aner Tina genannt. Kennegeléiert hu sech béid Fraen an der Libraire op der anerer Stroossesäit - der Libo, déi hir Dieren allerdéngs zougemaach huet. Du stoung fir déi zwee fest, datt si sech selbstänneg wéilte maachen. Nieft Bicher fënnt een zu Wolz och Spillsaachen an Papeterie.

Serie Librairien: Thema Zukunft vun de Librairien

D'Kafverhale vun de Leit huet iwwert déi läscht Jore vill changéiert. A wéi wäit spieren d'Librairien dee Changement? Musse se sech adaptéieren? A mat Hëllef vu wéi enge Mëttele kréien se nach Clienten ugezunn? Dorëm geet et am zweeten Deel vun eiser Serie iwwert déi kleng Librairien am Land.

AUDIO: Serie Librairien (2): Zukunft vun de Librairien / Reportage Claudia Kollwelter

An de meeschte Librairien uechtert d'Land fënnt ee bei Wäitem net méi eenzel an eleng Bicher an de Regaler. Am Bicherhaischen zu Nidderaanwen zum Beispill, dréint sech alles ëm déi méi kleng Clienten - nieft Kannerbicher gëtt et awer och eng helle Wull u Spill- oder Bastelsaache wéi d'Laurence Hilger erkläert:

Librairie "Bicherhaischen". / © Screenshot / Pierre-Marie Koch

"D'Spillsaache sinn dobäi komm, well ech einfach geduecht hunn, dat géing et flott completéieren. Wa mol een net sou gär liest oder d'Leit e Kaddo sichen, ass et ëmmer flott, wa se och kënnen an de Rayon Spillgezei goen, fir do eppes ze fannen oder och mol als Kaddo fir bei e Buch."

Am Alinea an der Stad steet d'Buch nach ëmmer am Fokus - Liesungen oder Dedicacë gi schonn zanter Joren ugebueden. Déi nei Responsabel vun der Librairie, d'Elmira Najafi, betount awer, datt een ënnert anerem mat Concerten, oder rezent dem Live-Painting vum Eric Mangen, eng nei Clientèle unzéie wëllt:

Librairie "Alinea". / © Screenshot / Pierre-Marie Koch

"Dat ass wierklech fir bëssen och déi Jonk dozou ze bréngen, datt se eben net online bestellen, datt se erakommen an eis Saache froen. Wa se net genee wëssen, wat se wëllen, datt déi eng oder aner Saach flott a cool ass oder ee spezifescht Bucht ee gutt ka liesen. Poetry Slam ass den nächste Projet, deen ech gär hei ufänken. Dat ass fir méi Jonk Leit unzezéien awer och fir meng Stammclienten, esoudatt déi e klenge Changement gesinn."

Fir vill Librairië gehéiert nieft dem Buch och d'Papeterie oder eben Spillgezei einfach mat dobäi. An der Libraire Diderich zu Esch ass ee virun 2 Joer e Schratt méi wäit gaangen an huet de Buttek ëmgebaut, fir Plaz fir e Café ze maachen. D'Anne Diderich këmmert sech deemno net just ëm d'Bicher, mee béckt och vun Zäit zu Zäit Kuch:

Librairie a Café "Diderich". / © Screenshot / Pierre-Marie Koch

"Wéi ech virun 29 Joer e Stage an Däitschland gemaach hunn, war ech bei enger Librairie, déi schonn e Café haten. Ech hunn dat deemools scho flott fonnt an dat war ëmmer e Wonsch, deen ech mer wollt erfëllen. Ech hunn et elo gemaach. Mer hunn e Café opgemaach, deen zäitlos an hell ass, wou d'Leit sech kënnen Zäit huelen, fir mol zur Rou ze kommen.", esou d'Besëtzerin.

Eng ganz aner Form vu Librairie fënnt een zanter knapp 2 Méint zu Beetebuerg. D'Gemeng an de Cent Buttek geréieren de Bicherkueb - e klenge Buttek gekoppelt mat enger sozialer Iddi, wéi de Buergermeeschter Laurent Zeimet erkläert:

Hei kréie Bicher eng 2. Chance: Librairie "Bicherkueb". / © Screenshot / Pierre-Marie Koch

"Bicher eng zweet Change ze ginn, d'Freet um Liesen ze vermëttelen fir jiddereen, zu engem Präis deen och vill Leit sech kënnen leeschten, an doriwwer eraus och kënnen e gutt Wierk ze maachen an deem ee seng Bicher hei keeft."

Tëscht engem a 15 Euro ass de Präis vun de Bicher, déi een zu Beetebuerg fënnt. D'Sue ginn integral un den Cent Buttek. Eng nei Librairie huet ufanks dës Joers och zu Wolz hir Dieren opgemaach. Am ChrisTina's Bicherbuttik stinn d'Bicher a Regaler oder soss Miwwelen, déi am Atelier Klimbim opgewäert oder erëm verwäert goufen. Nieft engem Buch kéint een also theoretesch och e passend Bicherregal kafen.

Summer ArtBox - Serie Librairien

Weidere Verlaf

17/08: Librairie Diderich

24/08: De Bicherkueb

31/08: D’Bicherhaischen

07/09: Libraire Zimmer