1961 ass de Fonds Kirchberg gegrënnt ginn, fir de wuessende Quartier ze amenagéieren an opzebauen.

Hir éischt Missioun war deemools de Bau vun der Rouder Bréck, am Joer 1963, an de Kierchbierg gouf mam Zentrum verbonnen. Ma fir de ganze Quartier awer och ze verschéineren, war deemools d’Iddi entstanen, Skulpturen opzestellen.

Ganzer 60 Wierker stinn haut um Kierchbierg. Wierker, déi d’Leit deelweis all Dag gesinn. Ma wou kommen se hir a wat representéiere se. D’Patricia Baum huet den Tour iwwert d‘Avenue John F. Kennedy mam Tram gemaach a sech déi eenzel Wierker laanscht d’Strooss erkläre gelooss.

D’Antoinette Schröder ass zanter 20 Joer Guide an der Stad Lëtzebuerg. Si kënnt de Kierchbierg gutt an huet dësen Tour och schonn dacks mat Touristen a Lëtzebuerger gemaach. Si huet Konschtgeschicht studéiert. D’Skulpturen, déi um Kierchbierg stinn, sinn deels vu ganz bekannte Kënschtler. Sou och beim éischten Arrêt Luxexpo, wou ee gutt op de Rond-Point Serra gesäit.

De Rond-Point krut deemools den Numm vum Kënschtler, d’Skulptur ass 1996 opgebaut ginn a speziell fir dës Plaz konzipéiert ginn. 19. Millioune Frang huet se deemools kascht.

Een Arrêt weider, Héicht Alphonse Wecker, kann ee ronderëm den Auchan direkt e puer Skulpturen entdecken. 1993 huet den amerikaneschen Architekt Richard Meier d’Verwaltungsgebai vun der HypoVereinsbank entworf, wou haut d’Uni Lëtzebuerg dran ass. An hei steet eng Skulptur vum Frank Stella, déi och en Hommage un d’Stolindustrie ass. D’Skulptur besteet deels aus Schrott an deels aus neie Stolkonstruktiounen.

D'Skulptur ass bewosst chaotesch zesummeschweesst ginn, fir e Kontrast mam Gebai ze kréien. Ma awer och fir dat minimalistescht Gebai huet de Richard Meier sech un der Geschicht vu Lëtzebuerg inspiréiert.