Vollen annuléiert! Hoteller eidel! An Zäite vum Coronavirus muss een doheem bleiwen an d'Vakanz ass ofgesot. An awer kann een an aner Kulturen ofdauchen.

D'Offer vun internationale Serien ass iwwert déi divers Streaming-Servicer grouss genuch, fir eng Weltrees ze maachen.

Fänke mer u mat Südafrika. "Queen Sono" ass zanter Februar op Netflix disponibel an eng vun deenen éischte südafrikanesche Serien, déi de Streaming-Déngscht als "Netflix Original" bestallt huet.

D'Queen Sono, gespillt vum Pearl Thusi, ass eng Südafrikanesch Geheimagentin a schafft fir de "Special Operations Group" (SOG). Hire Chef, den Dr. Sidwell Isaacs ass zwar net averstane mat hirer Aart a Weis, op Missiounen ze improviséieren, mä kuckt beim Queen duerch d'Fangeren, well si hiren Job gutt mécht.

Dem Queen seng Mamm war eng bekannte politesch Figur a wéinst hirem Kampf géint den Apartheid ëmbruecht ginn, wéi d'Queen nach e Kand war. De Mann, deen dofir verantwortlech war, sëtzt scho jorelaang am Prisong. D'Queen fënnt eraus, dat deemools net alles esou war wéi et haut duergestallt gëtt, an natierlech gëtt et hir ganz perséinlech Missioun, d'Wouerecht iwwert den Doud vun hirer Mamm erauszefannen.

D'Serie geet vu Sansibar iwwer Harare op Johannesburg. Südafrika gëtt als modernt, faarweg a virun allem selbstbewosst Land duergestallt, an deem eng Rei vu verschiddene Kulture liewen an natierlech sech och konfrontéieren. Am Originaltoun mécht dat sech iwwert déi verschidde Sproochen, déi geschwat ginn, bemierkbar, well ausser englesch ginn nach eng Rei vun deenen aneren 10 offizielle Sproochen vum Land geschwat.

Obwuel een d'Geschicht natierlech scho méi wéi eng Kéier, a besser, well mat méi Budget, gemaach gesinn huet, huet "Queen Sono" awer e ganz spezielle Charme an ass mol eng Kéier eppes anescht wéi déi üblech glat amerikanesch Produktiounen, déi ee gewinnt ass.

"Queen Sono" leeft op Netflix, bis elo gëtt et eng Staffel mat 6 Episoden.