An Zäite vum Coronavirus musse vill Filmfans op de Besuch am Kino verzichten. D'Gemeng Mamer huet sech zesumme mat Caramba Cinemas eng afale gelooss.

Trotz Corona-Pandemie muss een an Zukunft net méi op d'Kino-Erliefnes verzichten. D'Gemeng Mamer huet zesumme mat Caramba a Bauhaus Lëtzebuerg en Autokino op d'Been gesat.

Blockbuster, Klassiker, Komedie oder Kannerfilmer stinn um Programm, sou datt Grouss a Kleng nees Kino-Feeling erliewe kënnen - natierlech ënner strenge Konditiounen a Sécherheetsmoossnamen. Am eegenen Auto ass et dann och effektiv méi einfach, sech un d'Corona-Reegelen ze halen.

Um Parking vum "Bauhaus" op der Cap huet d'Gemeng déi ideal Plaz fonnt, dësen Autokino kënnen z'installéieren. Tickete ginn et online am Virverkaf um Internetsite vun der Gemeng Mamer. De Präis läit bei 15 Euro fir en normale Film an 10 Euro, wann e Kannerfilm gewise gëtt. Dëse Präis gëllt pro Auto an net pro Persoun.

Vu mëttwochs bis freides ginn d'Filmer um 21 Auer gewisen, sonndes an op Feierdeeg um 14, respektiv 17 an 20 Auer. Erafuere kann een eng hallef Stonn virum Start vun der Projektioun.  Op der Plaz suerge Food Trucks dofir, dass och kee muss hongereg Heem fueren.

© mamer.lu

De Programm vum 14. bis de 24. Mee

De Programm ännert all puer Wochen.

Natierlech ginn et och an engem Autokino Reegelen, un déi ee sech wärend der Corona-Pandemie hale muss.

  • D'Ticketen online kafen, ier een op d'Plaz fiert.
  • Mat Zäiten ukommen, fir Retarde bei der Projektioun z'evitéieren.
  • Säin Entourage propper halen an déi dofir virgesinne Poubellen notzen.
  • Masken net vergiessen.
  • Sech un d'sanitär Reegelen halen
  • Sech un d'Instruktioune vum Personal halen.