D’Directrice Carole Lorang huet präziséiert, datt Projeten, déi wéinst dem Coronavirus hu missen ofgesot ginn, zum Deel adaptéiert an op déi nächst Saison verluecht goufen
“Mir hate Chance, datt mer mat deene Projeten, déi mer ugeduecht haten an zum Deel programméiert an och schonn dru geschafft haten, wéi zum Beispill “Voir la feuille à l’envers” oder “si mer nach ze retten?”, de politesche Cabaret oder och nach “d’Frontalièren”, datt mer déi elo nach eng Kéier konnten nei verschaffen an eben och deelweis déi ganz Situatioun konnte mat verschaffen. Dat heescht déi Stécker kréien och elo nach eng Kéier bëssen eng aner Nues.”
Den Escher Kulturschäffe Pim Knaff, deen och bei der Presentatioun vun der neier Saison dobäi war, huet ënnerstrach, datt hie frou ass, datt een elo an der Sortie vun der sanitärer Kris ass a lues a lues de Wee zeréck an d’Normalitéit fënnt.
En Theater, deen zou ass, wier nämlech e schrecklecht Zeechen.
“Kultur, déi a Klammer gesat ass, oder a Quarantän, dat ass eppes, wat een net gutt ka verquëssen. Eng Stad mat engem zouenen Theater, déi ass, wéi wa se hir Séil verluer hätt. En Theater stellt nämlech d’Symbol vum Kulturliewen an enger Stad duer.”
De Pim Knaff huet donieft präziséiert, datt den Ariston wärend dem Kulturjoer 2022 opgeet. Do entsteet eng zweet Theaterbün, déi prioritär fir Kanner a Jugendtheater geduecht ass.
Donieft huet den Escher Kulturschäffen annoncéiert, datt de Conservatoire vergréissert gëtt. De Schäfferot huet decidéiert, d’Gebai vu Luxcontrol op Terres Rouges ze kafen, dat ass direkt nieft dem aktuelle Conservatoire. Do gëtt dann zousätzlech Plaz fir Museksunterrecht geschaaft an op de Rez-de-chaussée, seet de Pim Knaff , kënnt e modernen, analoge Musée fir Industriekultur.
Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vum Escher Theater.