Den eenzegen Enkel vun der Rock'n'Roll-Legend Elvis Presley ass dout. De Benjamin Keough ass e Sonndeg am Alter vu 27 Joer a Kalifornien gestuerwen.

Dat hunn de Manager a seng Mamm, d'Lisa Marie Presley der Noriichtenagence AFP confirméiert. Medieberichter no soll d'Läich vum Keough zu Calabass bei Los Angeles fonnt gi sinn. Wéi et heescht hätt hie sech selwer erschoss.

De Manager Roger Widynowski wollt keng genee Detailer iwwert d'Doudesëmstänn nennen. D'Lisa Marie Presely, déi eenzeg Duechter vum Elvis Presley aus dem Bestietnes mat der Actrice Priscilla Presley, wier um Buedem zerstéiert. Si hätt de Jong "vergëttert", sou de Widynowski. "Et war d'Léift vun hirem Liewen."

De Benjamin Keough war seelen an der Ëffentlechkeet ze gesinn. D'Lisa Marie Presley huet d'Änlechkeet tëscht hirem Jong a sengem Grousspapp ëmmer als eenzegaarteg beschriwwen.

De Keough war Museker an huet zäitweis och als Schauspiller geschafft.