Wéien Impakt huet eng Weltausstellung op e Land? Wat ass aus de Sitten a Pavillonen aus viregten Editioune ginn? Hunn d'Weltausstellungen nach eng Zukunft? Ënnert anerem deene Froe gi mir an enger Serie no. Ugefaange mat der Geschicht vu Lëtzebuerg op de Weltausstellungen.

Déi éischt Weltausstellung war 1851 zu London am Hyde Park. 17.000 Aussteller waren deemools mat dobäi an och Lëtzebuerg war mat 6 Exposant vertrueden.

De Jean-Luc Mousset an d’Ulrike Degen ware fir d’Expo "Un petit parmi les grands. Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai", déi 2010 am MnHA um Fëschmaart gewise gouf, op London an d’Archive vun der Royal Commission, wou se och sou munches fonnt hunn. D’Ulrike Degen:

Ganz interessant ass, datt Lëtzebuerg 1851 nach net eleng dohinner gaangen ass, mä am Kader vum däitschen Zollveräin do war. Se si jo 1842 do bäigetratt an dowéinst an deem Kader invitéiert ginn a matgaangen.

"Se faire connâitre“ dat wier d’Iddi hannert de Weltausstellungen, betount de Jean-Luc Mousset. An déi Kaart hätt Lëtzebuerg vun Ufank un ausgespillt:

Den deemolege Sekretär vun der Chambre de Commerce, de Jean-Pierre Kuborn, huet effektiv geschriwwen: „Ce serait douté de nous même de ne pas y participer." Den zweete Kommissär, dat war den Här Godchaux, deen ass vum Napoleon lll invitéiert ginn, wéi déi 2. Ausstellung zu Paräis 1855 war. An hie sot: "Eis Eisenindustrie wäert Lëtzebuerg méi bekannt maache wéi eis Festung oder d’Ardennen."

De Grand-Duché hätt sech ëmmer missen dofir asëtzen, gesinn ze ginn, ënnersträicht d’Ulrike Degen. An dat war och 1855 zu Paräis de Fall:

Se hunn immens misse kämpfen, fir net ënner ze goen an ënnert Preise quasi iergendwéi op eenzel Aussteller verdeelt goufen. An dat war de grousse Succès, dat se deemools eng Presenz hate mat dem Schrëftzuch: "Grand-Duché de Luxembourg“.

Mä och spéider huet Lëtzebuerg sech nach missen asëtzen, fir och als klengt Land en eegene Stand ze kréien. Zum Beispill 1976 zu Philadelphia, wou d'Amerikaner net verstanen hunn, datt Lëtzebuerg net Holland ass. De Grand-Duché huet sech missen duerchsetzen, fir en eegene Stand ze kréien mam richtege Wopen.

Mä och nach 2010 huet Lëtzebuerg sech missen nieft de grousse Länner positionéieren. Mam Numm "Small is beautiful too" huet de Lëtzebuerger Pavillon zu Shanghai versicht, China ze vermëttelen, datt och e klengt Land wéi Lëtzebuerg eng eegestänneg Natioun ass.

Eppes wat Lëtzebuerg dem Jean-Luc Mousset no och ëmmer gutt gelongen ass. De Grand-Duché war awer nach laang net bei all de Weltausstellungen dobäi, mä ass selektiv virgaangen. 2010 war een zu Shanghai, 2021 wäert een zu Dubai mat dobäi sinn, mä dertëscht war och d'Weltausstellung zu Mailand 2015, wou Lëtzebuerg net participéiert huet.