En Donneschdeg huet d'Billie Eilish de Museksvideo vum Titelsong vum neie Bond-Film "No time to die" presentéiert.

A ronn 6 Woche sollt den neiste Film aus der James-Bond-Rei an d'Kinoe kommen, ma de Start gouf op en Neits verréckelt a soll elo den 2. Abrëll 2021 sinn. En Donneschdeg gouf awer schonn de Museksvideo zum Film presentéiert. Hei gesäit een déi 18 Joer jonk Sängerin am Wiessel mat Zeenen aus dem Film.

D'Lidd ass, wéi bei de meeschte Bond-Filmer, eng éischter düster Ballade, déi d'Billie Eilish zesumme mat hirem Brudder geschriwwen huet. D'Lidd mam Titel "No Time to Die" war schonn am Februar verëffentlecht ginn. De Film sollt u sech den 31. Mäerz an d'Kinoe kommen, gouf du wéinst der Corona-Pandemie op den 12. November verréckelt an elo koum eng weider Verleeung op den 2. Abrëll 2021.