De Publikumspräis ass fir déi rumänesch-lëtzebuergesch Koproduktioun "Collective".

E Sonndeg ass déi 13. Editioun vum Festival CinEast, bei deem Filmer aus Zentral- an Osteruopa gewise goufen, op en Enn gaangen.

Dem Ivan Ostrochovsky säi Film "Servants" ass vum internationale Jury mam Grand Prix ausgezeechent ginn. Dës slowakesch-rumänesch-tschechesch-iresch Koproduktioun spillt um Ufank vun den 1980er Joren an engem Priester-Seminar an der fréierer Tschekoslowakei a weist wéi déi katoluesch Kierch vum kommunsitesche Regime ënnerdréckt gëtt.

D'Zoé Wittock, belsch Regisseurin a Member vum Jury huet d'Decisioun esou kommentéiert: 
« Pour sa vision haletante et cauchemardesque d’un système qui essaye même de contrôler morale et croyances personnelles, pour son histoire interprétée par un groupe d’acteurs formidables, sa bande son insidieuse et ses images en noir et blanc qui rappellent le manichéisme totalitaire, nous attribuons le Grand Prix du Jury à Servants de Ivan Ostrochovský. »

Ivan Ostrochovský / © Festival CinEast

De Prix Special vum Jury ass fir de Film "Mare" (Schwäiz,Kroatien) vun der Schwäizer Filmregisseurin Andrea Staka.

De Kritiker-Präis goung un "Stories from the Chestnut Woods" vum Gregor Božič (Slowenien/Italien) an de Prix du Public un "Collective"  vum Alexander Nanau (Rumänien/Lëtzebuerg).

Eng Rei vun de Filmer kann een nach bis den 8. November online op VOD kucken.