
Op d'mannst 30 Persoune si gestuerwen a 15 weiderer blesséiert ginn duerch e Feier, dat duerch en Tankcamion ausgeléist ginn ass, deen duerch e beliefte Quartier vu Gizeh, net wäit vun der Haaptstad Kairo ewech, gefuer a verongléckt ass. Dat mellt den ägyptesche Gesondheetsministère.
Am El-Warraq-Distrikt ass d'Feier e Mëttwoch den Owend ausgebrach. 39 Ambulanze wieren dono am Asaz gewiescht, heescht et éischten Informatiounen no. Den nationale Pëtrolsministère huet den Accident an déi uschléissend Explosioun vum Camion confirméiert, deen op enger vill befuerener Strooss ënnerwee war. An éischte Meldunge war vun 21 Doudesaffer rieds gewiescht.