2020 war och fir d’Kinosbranche keen einfacht Joer. Ee Liichtbléck gouf et awer fir déi Lëtzebuerger Co-Produktioun "Collectiv".

Dësen Dokumentarfilm huet eng ganz Rëtsch Präisser uechter d’Welt gewonnen an ass och elo schonn ee vun de méigleche Favoritten op en Oscar am Joer 2021. De Loïc Tanson huet sech mam Produzent vum Film, dem Bernard Michaux vu Samsa Film ënnerhalen, an zesummen hu si op e mouvementéiert Joer zeréckgekuckt.

"Collectiv" ass en extrem engagéierten a beandrockenden Dokumentarfilm iwwert Korruptioun an déi politesch Mëssstänn no engem Brand an enger rumänescher Discothéik am Joer 2015. De Rumänesche Realisateur Alexander Nanau huet dësen eminent wichtegen a sozialkritesche Film zesumme mam Lëtzebuerger Bernard Michaux co-produzéiert, eng Kollaboratioun, déi hei um Luxembourg City Film Festival entstanen ass, an déi nieft der Sich no Finanzementer och virun allem nom Dréi am Montagesall méi konkret Formen ugeholl huet.

"Collectiv" dauert schlussendlech 1 Stonn an 49 Minutten an huet um Luxembourg City Film Festival vun dësem Joer de Präis vum beschten Dokumentarfilm gewonnen. Een Dokumentarfilm, dee sech wéi e spannenden Thriller kuckt.

Och wann dëse politesche Film sech a Rumänien ofspillt, gouf d’Postproduktioun an d’Musek gréisstendeels hei zu Lëtzebuerg gemaach. Datt de Film wäit iwwert de rumänesche politesche Kontext erausgeet, gouf och séier kloer.

D’Karriär vum Film an de Kinossäll gouf awer abrupt duerch déi sanitär Kris gestoppt, trotzdeem huet dësen Dokumentarfilm an deem et jo och Deels ëm eng sanitär Kris geet international vu sech schwätze gedoen an dat zum Beispill duerch Selektiounen a Präisser op renomméierte Film-Festivalle wéi Venedeg oder Toronto. Virun e puer Wochen ass de Film och vun der Europäescher Film Akademie als beschten europäeschen Dokumentarfilm gekréint ginn.

2021 kéint d’Erfollegsstory vu "Collectiv" weider geschriwwe ginn, well de Film elo schonn zu de Favoritten op eng Oscar-Nominatioun an dann eventuell och op eng gëlle Statu zielt.

Den Iwwerbléck vun der Serie