Iwwerrascht awer zefridden iwwert d'Decisioun vun der Reouverture ass een am Theater- a Kinosmilieu.

D'Kinosbedreiwer hunn awer decidéiert, hir Säll eréischt vun e Mëttwoch, dem 13. Januar un nees fir de Public opzespären.

5 Säll ginn et am Dikrecher Kino, déi gëllt et elo ze botzen. Affichë ginn opgehaangen an et heescht Reklamm fir d'Reouverture ze maachen. Blockbuster-Filmer kënnen allerdéngs keng um groussen Ecran gewise ginn.

An normalen Zäite fanne bis 473 Leit am Kino zu Dikrech Plaz. Duerch déi aktuell Mesuren, déi mussen agehale ginn, Distanz op 2 Meter a Maskeflicht am Sall, kënne maximal 90 Persounen an de Kino vun der Ieselsstadt 3 Seancë pro Dag ugebuede ginn.

Kuerzfristeg plangen: Dat wär den neien "Mot d'ordre" beim Theater zanter dem Opkomme vum Virus. Am Mierscher Kulturhaus steet d'Programmatioun, sou ass ënnert anerem e Kannerspektakel mat 8 Virstellunge virgesinn. Elo ass et eng Fiewelstut, wéi de Publik op d'Reouverture vun de Kulturhaiser reagéiert.