RTL NEWS: Patrimoine - Lëtzebuerger Denkmalschützer organiséiere sech D’Haus op der Route d’Arlon zum Beispill géif d’Konditiounen erfëllen, fir geschützt ze ginn. D’Gemeng hätt trotzdeem eng Ofrappgeneemegung ausgestallt. Luxemburg under Destruction nennt sech de Grupp, dee sech virun engem alen Haff getraff huet. Virun e puer Deeg gouf hei mat den Ofrappaarbechten ugefaang. Demonstrante sinn domadder awer net averstanen. Beim Kulturministere gouf en Denkmalschutz ugefrot.
Peter Kleijnburg: “Le service des sites et monuments avait repéré cette ferme digne de protection. La commune a jeté ça à la poubelle et a autorisée la démolition. C’est comme ça quand perd toujours beaucoup de temps, d’énergie et de l’argent publique pour au final quand même démolir.”
De Kulturministère hätt d’Bauerenhaus also fir schützenswäert empfonnt, hätt d’Entscheedung awer der Mamer Gemeng iwwerlooss. D’Gemeng hätt decidéiert, d’Ofrappe vum Bauerenhaff ze erlaben, dëst wéinst dem aktuelle PAG.
Karin Waringo: “Also et ass manifestement e Probleem, dass do eng Rei wéi een op däitsch seet: “Viele Köche verderben den Brei” an ech hunn d’ Gefill, dass eigentlech jiddereen deem aneren d’Responsabilitéit gëtt. Sou wei een dann op franséisch seet eng Patate chaude, déi eigentlech kee wëll. Firwat kann ech mir net erklären.”
D’Gemeng gesäit dëst awer anescht. Et géif een d’Wichtegkeet vum Patrimoine verstoen. Awer misst een och un d’Proprietären vun dësen Haiser denken. Et kéint net all eelert Haus ënner Denkmalschutz gesat ginn.
Gilles Roth, Mamer Buergermeeschter: “Mir sinn an engem Rechtsstaat an do sinn d’ Limitatiounen zu dem Privateegentum restriktiv ze kucken a mir kucken hei ofzeweien tëschent engersäits dem Allgemenggutt an anerersäits och dem eenzele Proprietär sengem Patrimoine. Dat do ass e Mëttelwee, deen och sengerzäit vun enger ganz grousser Majoritéit am Mamer Gemengerot entscheet gouf.”
Et hätt een déi lescht Jore vill fir de Patrimoine gemaach. 113 Immobilien huet een zu Mamer als schützenswäert empfonnt. Ganzer 96 dovunner goufen als kommunalen Patrimoine zeréckbehalen. Dat wier eng gutt Leeschtung, wann ee bedenkt, dass d’Immobilien fir de Proprietär dann u Wäert verléieren.
