No multipellen Annulatioune weist de Kaleidoskop Theater d‘Stéck bis de 5. Mäerz am Beetebuerger Schlass.

D'ass eng Situatioun, wéi een se seele materlieft: Eng Première, déi dräi Mol verréckelt gëtt. Ma genau dat ass der Ekipp vum Kaleidoskop Theater elo awer geschitt.

„Dat hunn ech och nach ni erlieft a menger laanger Karriär am Theater", seet de Jean-Paul Maes. „Do weess een ni sou richteg, wou een drun ass mat de Saachen an dat muss een ëmmer rëm opfrëschen."

Nodeems d'Première dräi Mol verréckelt ginn ass wéinst dem Covid-19, war et da lo awer endlech esou wäit. De 24. Februar stoungen de Jean-Paul Moes als „Pedro" an d'Nadine Stöneberg als „Sarah" op der Bün.

„Warte nicht auf den Marlboro Mann" ass e Stéck vum Lëtzebuerger Auteur Olivier Garofalo. Hei begéine sech déi erfollegräich Managerin Sarah an de labbere Motorradsfuerer Pedro. Hir eenzeg Gemeinsamkeet? Dem Sarah säi Liewenspartner, deen enk mam Pedro befrënnt ass a grad e schlëmme Motorradsaccident hat. Esou treffen déi zwee grondleeënd verschidde Personnagen an der Klinik openeen an tauschen hir Siichten iwwer verschidde Situatiounen an d'Liewen am allgemengen aus, wärend se op Nouvelle waarden.

Obschonns d'Stéck scho virun der Pandemie ausgesicht gouf, kéint ee vill Bezich zur aktueller Situatioun fannen. Esou wier de Message vum Stéck am Elo ze liewen a säin Alldag manner hektesch ze gestalten. „Et geet net nëmmen ëm de Stress op der Aarbecht, mee och eist ganzt kapitalistescht Denken", seet de Jean-Paul Maes. „D'Fro, déi ee sech stelle muss, ass, op wat fir Pilieren eis Gesellschaft iwwerhaapt ze stoen huet – ob et déi materiell Piliere sinn oder ob et och nach eppes aneschtes gëtt."