Hir éischt Animatioune fir Walt Disney huet si 1932 gezeechent. D'Ruthie Thompson huet Figure wéi Dumbo a Mary Poppins op der Leinwand an d'Liewe geruff.

Bal 40 Joer huet "d'Disney Legend" als Zeechnerin fir "d'Walt Disney Company" geschafft. Elo ass d'Ruthie Thompson am Alter vun 111 Joer gestuerwen. Dat huet Walt Disney op Twitter matgedeelt. De fréiere Chef vun Disney, de Robert Iger, huet d'Thompson eng "richteg Legend" genannt. Hir Participatioun fir Disney, vu "Schneewittchen" bis "Bernard und Bianca", wiere bis haut beléifte Klassiker. "Hir aussergewéinlech Aarbecht an hire Pionéiergeescht wäerten eis ëmmer inspiréieren", esou den Iger weider.

Wéi d'Zeechnerin mat hirer Famill op Los Angeles geplënnert ass, hu si an d'Géigend vun deem jonken "Disney Bros. Cartoon Studio" an der Kingswell Avenue gewunnt. Mat 18 Joer huet si an engem Reitstall geschafft, wou si méi spéit de Roy an de Walt Disney kennegeléiert huet. De Walt Disney huet hir eng Aarbecht als Zeechnerin ugebueden a méi spéit huet si an d'Animatiounskontroll an d'Zeeneplanung gewiesselt.

Fir Disney war d'Thompson an der Animatioun u sëllege bekannten Zeechentrickfilmer bedeelegt. Dorënner "Dumbo" an "Dornröschen". Der Entreprise Walt Disney no war der Zeechnerin hire Liblingsfilm hiren éischten Zeechentrickfilm "Schneewittchen und die sieben Zwerge" aus dem Joer 1937. No hirer Mataarbecht un "Bernard und Bianca" huet si 1975 d'Pensioun geholl. 2000 ass si vun der "Walt Disney Company" mam Titel "Disney Legend" geéiert ginn.