Musek, Spektakelen a Workshoppen hunn d'Visiteuren de Weekend iwwer zu Diddeleng erwaart.

De Festival, deen am Kader vun Esch 2022 organiséiert ginn ass, bréngt eng ganz rëtsch Kulturinstitutiounen aus dem Land zesummen. Eppes, wat et an deem Ausmooss nach net gouf.

De Programm vum USINA22-Festival ass vu 16 verschidde Curateuren zesummegestallt ginn, dorënner Lëtzebuerger Kulturhaiser a Kollektiver. De Projet huet deemno als Haaptiddi Collaboratiounen op engem Weekend, op engem Site mat 5 Bünen entstoen ze loossen. E Site, dee vill Méiglechkeete mat sech bréngt.

"Et sinn al Gebaier hei, déi zum Deel renovéiert sinn an zum Deel net. Hei wäert jo e ganze Quartier entstoen, dat heescht, mir hunn u sech dat Verwénkelt genotzt, fir engersäits deen intime Kader ze schafen an dann awer och déi grouss Espacen ze hunn, wéi zum Beispill bei der grousser Bün, wou Dausende Leit Plaz hunn", erkläert de Luka Heindrichs (De Gudde Wëllen).

Ee vun den Headliner op der grousser Bün war e Samschden déi amerikanesch Rockband Kings of Leon.

"De Festival ass awer vill méi wei just den Headliner. All Partner, dee mir mat u Bord hunn, bréngt seng Programmatioun mat eran an et kann ee wierklech an deenen zwee Deeg dat erliewen, wat déi Venuen normalerweis bei sech doheem hunn. An dat mécht och déi Diversitéit vun der Programmatioun an den Interêt vum Festival aus. Et ass vill méi wéi just Kings of Leon, och wa mir natierlech ganz frou sinn, datt si kommen, mee et kann een iwwert déi zwee Deeg nach méi erliewe wéi dat", sou de Michel Welter vum Atelier.

Den Haaptorganisateure vun der Gemeng Diddeleng, dem Kulturhaus Op der Schmelz, dem Gudde Wëllen an dem Atelier war et och wichteg, en accessibele Festival op d'Been ze stellen, wou een net all ze déif an de Portmonni muss gräifen.

Usina22
Musek, Spektakelen a Workshoppen erwaarden d'Visiteuren de Weekend iwwer zu Diddeleng.

"De Festival gëtt presentéiert zesumme mat Esch2022 an der Gemeng Diddeleng, wat de finanziellen Deel ugeet, mat e puer Privatsponsoren. n mir wollten de Leit dat erëm ginn, et ass keng Manifestatioun fir Geld ze maachen. Et ass, fir de Leit engersäits e ganz groussen Headliner zu engem moderate Präis samschdes unzebidden an op der anerer Säit sonndes deene Leit et z'erlaben, déi vläicht och net dee méi moderate Präis sech kënne leeschten. An einfach eppes zréck ze ginn un d'Leit mat engem flotte familljenorientéierte Festival", ënnersträicht de John Rech vun Opderschmelz.

Um Programm vun de Sonndeg steet ënner anerem d'Sängerin Alice Merton. Fool's Garden huet wéinst engem Corona-Fall missen ofsoen, ma ersat gi si duerch de Museker Josh. Dat an natierlech villes méi kann een de Weekend zu Diddeleng um USINA22 erliewen.