D'Nominatioun wäert nächste Mount op enger Generalversammlung zu Roum confirméiert ginn.

Déi aktuell Direktesch vum Lëtzebuerger Nationalarchiv ass als nei Presidentin vum internationale Conseil vun den Archiven, dem ICA, nominéiert ginn. Déi Nominatioun wäert op enger Generalversammlung am September zu Roum confirméiert ginn, heescht et an engem Schreiwes vum Kulturministère e Mëttwoch de Moien.

Den ICA vertrëtt Professioneller op der ganzer Welt, déi am Beräich vun den Archiven aktiv sinn. Zanter 2003 steet si un der Spëtzt vum Nationalarchiv a war och ganz engagéiert beim Ausschaffe vum neie modernen Archiv-Gesetz, dat 2018 an der Chamber gestëmmt gouf.