Am Mëttelpunkt steet d'Molli, eng Kéiseker-Madamm, déi zesumme mam Kanéngche Jos op vill Aventure geet. D'Stëmm vum Jos kënnt vum Schauspiller Jules Werner.
130 Leit hannert de Kulissen
De Film ass zu Déifferdeng an der Fabrique d'Images entstanen. Ronn 130 Leit hunn dru geschafft – vun der Skizz bis zur fäerdeger Animatioun. All Detail gouf duerchduecht: Personnagen, Beweegungen an Emotiounen, fir eng komplett Welt zum Liewen ze erwächen.
Eng Geschicht iwwer Dreem an Aventuren
"Allez Hëpp Hopp Hopp!" verbënnt Humor, Fantasie an universell Themen. Eng Invitatioun un all Generatiounen, sech op eng Rees voller Aventuren anzeloossen – an den Held a sech selwer ze entdecken.