Gréisser Investissementer, fir déi zwee Filmstudioen op den neiste Stand ze bréngen, sinn néideg. Ma dee Risiko wëllen d'Associéen net méi op sech huelen. Déi lescht Jore wieren ekonomesch schwéier gewiescht, seet de Bernard Michaux, Produzent bei Samsa, engem vun den Associée vum Filmland am RTL-Interview. Déi rezent Faillite vu Paul TD, och Associé vu Filmland S.A., hätt keng Roll gespillt an der Decisioun fir d’Dieren zouzemaachen. “Et si méi Associéen do, D’Associéen hunn d’Firma finanziell net missen ënnerstëtzen an de leschte Joren. Dat heescht, iergendwéi ass et op Null opgaangen. Dat heescht, et war total lassgeléist vun där Faillite.”
Den eenzege feste Mataarbechter vu Filmland S.A. wäert deemno seng Plaz verléieren. Déi aner Betriber aus der Filmbranche kënnen awer weiderhin zu Kielen bleiwen. D'Filmland S.A. ass nämlech net Proprietär vum Site.
De President vun der Filmakademie Fred Neuen fäert kee gréisseren Impakt op de Secteur. “Viru Filmland hate mer jo och keng Studioen, mee et sinn awer Filmer, vill Filmer hei gedréint ginn.” Et géif ee warscheinlech manner Filmer unzéien, déi am Studio géife gedréint ginn, mengt de Bernard Michaux. Soss géif et awer och d’Méiglechkeet – wéi fréier – Halen, Hangaren ze lounen. Vläicht géif sech och een anere Bedreiwer fir déi zwee grouss Studioe fannen, seet de Bernard Michaux.
“Ee schlecht Zeeche fir d’Filmindustrie”
D’Fermeture vum Filmland wär ee schlecht Zeeche fir d’Lëtzebuerger Filmindustrie, fënnt iwwerdeems de Carlo Thiel, President vun der ALTA, der Associatioun vun den Techniker aus dem audiovisuelle Beräich. “Well all Prestataire, deen zoumécht am Film, ass ee Verloscht. Ee Verloscht vu soziale Kontakter, vun Aarbechtsplazen och.”
Vun der Fermeture vun de Filmand-Studioe wäre virop Usträicher, Schräiner, Leit, déi Filmdekore bauen, betraff. D’Filmtechniker manner, si kéinten och op de Produktioune baussent de Studioe schaffen, seet de Carlo Thiel.
Ma d’Zäite wiere schwéier. Vill Filmtechniker géifen ophalen, well een net méi vum Beruff liewe kéint. Fir de President vun der ALTA läit dat awer net just un deem grousse Wandel, deen d’Filmbranche weltwäit erlieft. Hie gesäit och de Filmfong an der Verantwortung. Et géif ze vill Aarbecht an d’Ausland goen.
“D'Reegele ginn ëmmer erëm adaptéiert. Ech soen elo och ganz frech, si ginn oft adaptéiert zu Gonschte vun de Produzenten.”
An deene werft de Carlo Thiel Insouciance vir. Vun de Suen, déi de Filmfong an auslännesch Koproduktioune gëtt, kënnt senger Meenung no net genuch ënnen um Terrain un, well d’Lëtzebuerger Produzenten net “mol mat der Hand op den Dësch schloen a soen, mee nee, komm mir huele lo mol déi ganz Beliichter-Ekipp vu Lëtzebuerg oder mir huelen d'ganzt Material hei zu Lëtzebuerg.”
Ma dofir schafft d’ALTA zanter zwee Joer zesumme mam Filmfong an de Produzenten drun, fir d'Aarbechtskonditioune vun den Techniker ze reegelen.