Hannert dem Mëschpult: Maximillion

Schonn am Lycée huet de Max Fellinger säi Faibel fir Musek ausgelieft, deemools nach a Bands, ier hien dunn zum DJen a Produzéiere komm ass.
"Ech war iergendwann genervt dovunner, a Bands ze spillen, well et ëmmer erëm net funktionéiert, well iergendee keng Zäit huet, fir ze prouwen", sou de Max. "Dunn hunn ech eleng ugefaangen, Musek am Studio mat Synthesizer a Computer ze maachen."
Sou séier kann een an d'DJen a Produzéieren erafalen. Zanterhier huet hie sech als Maximillion eng remarkabel Reputatioun opgebaut an ass souwuel zu Lëtzebuerg, ewéi och zu Hamburg, wou hie jorelaang gelieft huet, an zu Berlin, vill aktiv.
Nieft reegelméissege Live-Gigs bréngt de Maximillion zimmlech dacks nei Tracks eraus. Elleng dëst Joer koumen 3 Remixen, 2 Singlen an 3 EPen op de Maart. De leschten Drop war am August a war eng House-EP mam Titel Butter.
Da geréiert hien och nach, zesumme mat engem DJ-Kolleeg, den elektronesche Museks-Label "Lauter Records". Ausgangs dës Joers brénge si dann och erëm eng nei Compilatioun eraus, op där ënner anerem de Maximillion ze héieren ass. Ufank 2023 geet et da genausou aktiv viru wéi 2022 ophält, ugefaange mat enger neier EP am Januar.