Si schreiwen hir Stécker selwer, sangen a méi wéi enger Sprooch, versetze sech an ënnerschiddlech Rollen a sinn och nach technesch begaabt: d'Luxicals.

Viru knapp zwee Joer hu sech déi jonk Musek-Fans zesummegedoen an hier Asbl gegrënnt. De Weekend fënnt elo am Forum Geesseknäppchen hiren zweete Musical-Concert statt. Wat d'Geschicht beim Stéck "The world through your eyes" ass, a wéi déi lescht Präparatioune lafe virum groussen Optrëtt, dovu war sech eng RTL-Ekipp bei de Prouwen iwwerzeegen.

De Spektakel gëtt opgefouert e Freideg um 19 Auer an e Samschdeg um 16 Auer am Forum Geesseknäppchen zu Märel. Et sinn nach Plazen do. Weider Infoe fënnt een op der Facebook-Säit vu Luxicals.