De Clueso kuckt op eng laang Karriär zréck. Op Lëtzebuerg kënnt den däitsche Sänger ëmmer nees gär.

En Dënschdegmëtteg huet de Clueso mir ugeruff. Ganz entspaant huet de sympatheschen Däitsche mer en Interview ginn.

Musek mécht hien zanter hien denke kann. De groussen Duerchbroch ass him gelonge mam Titel "Keinen Zentimeter", en Titel deen deemools wéi haut zu Lëtzebuerg um Radio gelaf ass.

"Am Anfang ist so ein unglaublicher Beweisdrang da, man will einfach beweisen beweisen beweisen. Wir haben jetzt im Moment so einen Spielspaß und das merken die Leute. Deswegen haben wir gerade so besondere Momente."

Dat krut ech op d'Fro geäntwert, ob een no esouvill Joer iwwerhaapt nach Loscht huet, op der Bün ze stoen. An am Gespréich ass mat der Zäit ëmmer méi kloer ginn, dass mam Erfolleg d'Musek vum Clueso méi entspaant ginn ass, méi Freed an d'Musek maachen a schafe komm ass. Selwer beschreift hien dat als "Middle Age", Beweise muss hien näischt méi.

Optrëtt bei "Sing meinen Song"

"Bei einer Type wie mir, kann man das nicht im Voraus planen, wenn die Chemie nicht passt kann ich das nicht spielen."
Op der däitscher Telee gëtt et eng Emissioun wou Muséker Lidder vun aner bekannten Interpreten ëmwandelen. Fir den Zuschauer vu baussen, heiansdo eng grouss Iwweraschungskëscht. Aus dem Popsong "Play with fire" vum Nico Sanchez huet de Clueso "Feuer" gezaubert.

Den Austausch ënnert Musekerinnen a Museker ass an dëser Emissioun besonnesch grouss. An anere Formater géif net onbedéngt d’Musek am Mëttelpunkt stoen. De Clueso, dee gär mat Wierder spillt, gendert beim Schwätzen.

D’Virbereedung op d’Sendung géif scho fréi ufänken, et wéilt een och déi aner KënschtlerInne positiv iwwerraschen.

Wat wier de Clueso ouni Musek?

Ouni d’Musek géif ech mech extrem langweilen, sou sot et de gebiertegen Erfurter op meng Fro: "Wobei ich sagen muss, Langeweile ist wirklich ein kreativer Prozess. Ich versuche mir die auch manchmal zu schaffen, indem ich so ein Break mache. Durch die Pause proviziere ich dann, dass ich schreibe."

Erënnerungen u Lëtzebuerg

U Lëtzebuerg erënnert hie sech gär. Wierker vu sengen 9 Albumen konnt ee scho méi dacks zu Lëtzebuerg héieren. Am Grand-Duché hätt een eng grouss Fanbase. D'Stad Lëtzebuerg wier genial:

"Wir waren viel in der Stadt unterwegs, geil Essen beim Italiener. Ich komme immer wieder gerne, weil die Leute eine schöne Energie mitbringen. Wir haben eine stark Fangemeinde in Luxemburg. Nach den Konzerten bleibe ich immer gerne etwas länger um Fotos zu machen und Autogramme zu geben. Leider schaffe ich das nicht immer."

RTL

An e puer Wochen ass de Clueso eng weider Kéier zu Lëtzebuerg, dann awer zu Iechternach. Um Open-Air Festival Echterlive kann een hien den 23. Juli gesinn. An och fir een, dee schonn esou laang am Business wier, wieren esou Concerten ëmmer nach eppes Spezielles.